Am Manchester-Derby si keng Goler gefall. An der Bundesliga stounge sech am Match St. Pauli géint Gladbach zwee Lëtzebuerger Nationalspiller géintiwwer.

An der portugisescher Liga sti sech e Sonndeg den Owend den FC Porto a Benfica Lissabon géintiwwer. Benfica mam Leandro Barreiro ass 7 Spilldeeg viru Schluss punktgläich mam Tabellenéischten a Lokalrival Sporting.

Bundesliga

St. Pauli - Gladbach 1:1
0:1 Itakura (45'+2), 1:1 Afolayan (85')

St. Pauli a Gladbach trenne sech remis, wat kenger Ekipp wierklech weiderhëlleft: weeder Gladbach am Kampf ëm Europa, nach St. Pauli am Ofstigskampf. D'Hamburger waren iwwer wäit Strecken déi besser Ekipp, konnten hir Chancen awer net a Goler ëmmënzen. Gladbach konnt mat der leschter Aktioun virun der Paus a Féierung goen, obwuel si bis dohin net wierklech geféierlech waren. St. Pauli huet no der Paus weider op de Gas gedréckt an huet sech spéit mam Ausgläich belount. Dat war och den éischte Géigegol vum Lëtzebuerger Tiago Pereira an der Bundesliga.

Aus Lëtzebuerger Siicht war et eng besonnesch Partie: Et war eréischt fir d'zweet Kéier, dass sech mam Danel Sinani an dem Tiago Pereira Cardoso zwee Lëtzebuerger an der Bundesliga géintiwwer stoungen. D'lescht Kéier war dat am Joer 2020 de Fall, wéi sech de Leandro Barreiro (Mainz) an de Laurent Jans (Paderborn) um Terrain duelléiert haten.

Union Berlin - Wolfsburg 1:0
1:0 Hollerbach (63')

De Laf vu béiden Ekippe geet weider: bei Union Berlin am positiven, bei Wolfsburg am negative Sënn. Union Berlin mécht domat e weidere wichtege Schratt Richtung Verbleif an der Bundesliga, wärend Wolfsburg den Uschloss un d'international Plaze verléiert.

Nodeems et no 45 Minutten 0:0 gestanen hat, konnt den Hollerbach vun der Berliner Iwwerleeënheet profitéieren an den decisive Gol markéieren. Och wann dëse Gol enger VAR-Préiwung huet musse Stand halen. Wolfsburg koum eréischt spéit zu geféierlechen Aktiounen, déi si awer net notze konnten.

Premier League

Brentford - Chelsea 0:0

Fulham - Liverpool 3:2
0:1 Mac Allister (14'), 1:1 Sessegnon (23'), 2:1 Iwobi (32'), 3:1 Rodrigo Muniz (37'), 3:2 Diaz (72')

Liverpool kasséiert déi zweet Néierlag an dëser Premier-League-Saison, huet awer weiderhin eng komfortabel Avance op den éischte Verfollger Arsenal. Am Duell mat Fulham goungen d'Reds wuel séier a Féierung, mee richteg iwwerleeë ware si net. Et waren d'Cottagers, déi de Match gréisstendeels gemaach hunn an dowéinst och verdéngt de Match dréine konnten. An der zweeter Hallschent huet Liverpool wuel op den zweete Gol gedrängt, mee dee sollt eréischt an der 72. Minutt falen, an och duerno koum d'Ekipp vum Trainer Arne Slot net méi wierklech geféierlech virun de Fulhamer Gol. D'Cottagers kënne mat dëser Victoire de Réckstand op d'international Plaze verkierzen.

Tottenham - Southampton 3:1
1:0 Johnson (13'), 2:0 Johnson (42'), 2:1 Mateus Fernandes (90'), 3:1 Tel (90'+6, Eelefmeter)

Tottenham konnt sech no véier Matcher ouni Victoire nees eng Kéier iwwer dräi Punkte freeën. Géint den Tabelleleschte koumen d'Spurs gutt an de Match a louchen an der Paus verdéngt 2:0 vir. Am zweeten Duerchgang sollt et eréischt an der Nospillzäit nees spannend ginn, wéi Southampton nach eng Kéier erukoum, mee d'Londoner konnten duerno den Deckel drop maachen. Et bleift awer eng verluere Saison fir d'Spurs, déi elo op Plaz 13 stinn a 15 Punkte Réckstand op d'international Plazen hunn.

Manchester United - Manchester City 0:0

Am Manchester-Derby si keng Goler gefall. United war wuel déi besser Ekipp, mee d'Citizens konnte sech op hir Defense verloossen. D'Red Devils stiechen domat weider am Tabellemëttelfeld fest, mee och de Skyblues bréngt dëse Punkt net wierklech vill am Kampf ëm d'international Plazen.

Serie A

Bergamo - Lazio Roum 0:1
0:1 Isaksen (54')

Lazio Roum ass no dëser Victoire nees a Schlagdistanz zu den internationale Plazen. Bergamo dogéint muss déi drëtt Néierlag hannerteneen astiechen a muss seng Dreem vum Titel wuel sou lues begruewen.

Ligue 1

Reims - Stroossbuerg 0:1
0:1 Doukouré (4')

D'Ekipp aus dem Elsass huet domat weiderhin d'Méiglechkeet, Vize-Champion vun der Ligue 1 ze ginn an och fir d'nächst Saison international ze spillen. D'Konkurrenz mat Monaco, Marseille, Lyon, Nice a Lille ass awer grouss an et kann op all Punkt ukommen.

E Samschdeg hat Paris St. Germain den Titel sechs Matcher viru Schluss scho kloer gemaach.

La Liga

FC Sevilla - Atlético Madrid 1:2
1:0 Agoume (7'), 1:1 Alvarez (25', Eelefmeter), 1:2 Barrios (90'+3)

Atlético Madrid erhält d'Chance op de Championstitel oprecht a bleift u Real Madrid an dem FC Barcelona drun. Sevilla war am Ufank déi dominant Ekipp a konnte fréi a Féierung goen, mee Atlético krut duerch den Ausgläich d'Iwwerhand. Madrid huet sech laang d'Zänn un der Verteidegung vu Sevilla ausgebass, mee an der Nospillzäit ass hinnen nach de Lucky Punch gelongen.