PSG virzäiteg Champion, Réckschléi fir Real Madrid an Arsenal

© AFP
Mat enger 1:0-Victoire géint Angers huet PSG de Championstitel schonn um 28. Spilldag geséchert.
An der Premier League huet Arsenal bei engem 1:1 géint Everton Punkte leie gelooss a muss d'Hoffnung op den éischte Championstitel zanter 2004 domadder héchstwarscheinlech op d'Säit leeën. Liverpool ka sech mat engem Succès e Sonndeg nämlech op 14 Punkten ofsetzen.
Och a Spunien huet den Tabellenzweete gepatzt. Duerch eng spéit 1:2-Defaite fir Real Madrid doheem géint Valencia hat Barcelona d'Chance, mat enger Victoire e Samschdeg den Owend un der Spëtzt vum Championnat op sechs Punkten dervun zéien. De Katalanen ass dat allerdéngs bei engem 1:1 géint Betis net gelongen. Trotzdeem wiisst de Virsprong op elo véier Punkten.
A Frankräich feiert de PSG iwwerdeems den 13. Championstitel an huet ëmmer nach d'Chance, bis zum Enn vun der Saison an der Ligue 1 ongeschloen ze bleiwen.
E Samschdeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Premier League
Everton - Arsenal 1:1
0:1 Trossard (34'), 1:1 Ndiaye (49')
Fir Arsenal ass et géint Everton net fir méi wéi ee Punkt duergaangen. No enger Ufanksphas, déi sech gréisstendeels am Mëttelfeld ofgespillt huet, war et de Leandro Trossard, deen d'Gunners a Féierung brénge konnt. Och schonn an der éischter Hallschent hat d'Lokalekipp déi eng oder aner Chance, ma réischt kuerz nom Säitewiessel krute si sech och dofir belount. Den Iliman Ndiaye war vum Eelefmeterpunkt äiskal bliwwen a konnt domadder ausgläichen. Bis zum Schluss war et dann allerdéngs d'Ekipp vun Arsenal, déi op en zweete Gol gedréckt. Een immens staarekn Jordan Pickford am Gol huet dat allerdéngs verhënnert, sou datt et um Enn beim 1:1 bliwwen ass. Duerch dëse Remis ka Liverpool elo de Virsprong un der Tabellespëtzt op 14 Punkten ausbauen a fir eng Virentscheedung am Championnat suergen.
Palace - Brighton 2:1
1:0 Mateta (3'), 1:1 Welbeck (31'), 1:2 van Hecke (90+6')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Monza - Como 1:3
1:0 Mota (5'), 1:1 Ikoné (16'), 1:2 Diao (39'), 1:3 Vojvoda (51')
Parma - Inter Mailand 2:2
0:1 Darmian, 0:2 Thuram (45'), 1:2 Bernabé (60'), 2:2 Ondrejka (69')
AC Mailand - Fiorentina 2:2
0:1 Thiaw (SG, 7'), 0:2 Kean (10'), 1:2 Abraham (23'), 2:2 Jovic (64')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
PSG - Angers 1:0
1:0 Doué (55')
De PSG huet sech um 28. Spilldag mat 1:0 géint Angers duerchgesat an ass domat fir déi véierte Kéier hannertenee franséische Champion. An der éischter Hallschent war de Ball knapp 85 Prozent vun der Zäit bei der Lokalekipp vu Paräis, déi dëse Virdeel awer net an e Gol ëmmënze konnten. Gelénge sollt dat dann awer 10 Minutten no der Paus, wéi den Desiré Doué per Volley op 1:0 gestallt huet. Angers hat de ganze Match iwwer ni wierklech d'Chance kritt, selwer aktiv ze ginn, sou datt sech um Spillstand bis zum Enn vum Match näischt méi ännere sollt.
Brest - Monaco 2;1
1:0 Köhn (42'), 1:1 Zakaria (63'), 2:1 Camara (90+4')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Girona - Alaves 0:1
0:1 Vicente (61')
Real Madrid - Valencia 1:2
0:1 Diakhaby (15'), 1:1 Vinicius Junior (50'), 1:2 Hugo Duro (90+5')
Real Madrid muss duerch Last-Minute-Gol e battere Réckschlag am Duell ëm de Championstitel astiechen. Dobäi war et mat engem fréien Eelefmeter fir déi Kinneklech ugaangen. De Vinicius Junior war allerdéngs ee Kaddo fir de Golkipp a sou ass et beim 0:0 bliwwen. Nëmmen zwou Minutte méi spéit war et dann op der anerer Säit de Mouctar Diakhaby, dee mam Kapp op 1:0 fir de Gaascht stelle konnt. Am weidere Spillverlaf huet sech Real dann engagéiert gewisen, fir eng Äntwert ze weisen. Dës war awer net direkt gelongen a sou ass et mat engem Auspäife vun den eegene Spectateuren fir d'Paus an d'Vestiairë gaangen. Kuerz nom Säitewiessel war et dann awer de Vinicius Junior, deen op 1:1 ausgläiche konnt. Fir de Rescht vun der Partie huet Madrid den 2:1 gesicht, fir sech am Duell ëm de Championstitel keen Ausrutscher ze leeschten. Nach méi schlëmm sollt et dann an der 90+5. Minutt kommen, wéi den Hugo Duro no engem Konter op 2:1 setzen an domadder de Match entscheede konnt.
Barcelona - Betis 1:1
1:0 Gavi (7'), 1:1 Natan (17')