Ganzer 8 Goler hunn d'Spectateuren an der 1. Hallschent gesinn. Um Enn steet et 4:4-Gläich. Iwwerdeems mécht Bayern e grousse Schratt Richtung Titel.

Och a Spuenien an ënnert anerem an England gouf gespillt. Hei goufen et Victoirë fir Barcelona a Manchester City.

Union Berlin an de VFB Stuttgart spillen am Spëtzematch 4:4-Gläich. D'Goler sinn alleguerten an der éischter Hallschent gefall. Dëst ass e neie Rekord an der däitscher Bundesliga, si bis ewell nach ni 8 Goler an der éischter Hallschent an der 1. däitscher Spillklass gefall. Union Berlin spillt duerch dëse Punktegewënn och nächste Saison an der 1. Bundesliga, ofsteige kennen "Köpenkicker" net mei.

Bayern München gewënnt souverän mat 4:0 zu Heidenheim. De Rekordmeeschter war an der 1. Hallschent immens effizient a louch no 45 Minutte mat 3:0 a Féierung. De Joshua Kimmich huet mam 4:0 fir d'Schlussresultat gesuergt. Heidenheim bleif domat weider an uergen Oofstigssuergen iwwerdeems d'Ekipp ronderëm den Thomas Müller e weidere Schrëtt Richtung Champion-Titel gemaach huet.

Bochum huet sech iwwerdeems no 90 Minutte misse mat 0:1 zu Bremen geschloe ginn. De Gol vum Dag huet de Mitchell Weiser an der 80. Minutt markéiert.

Freiburg klappt Hoffenheim mat 3:2. D'Spectateuren hunn eng fulminant 1. Hallschent gesinn. D'Lokalekipp war virum Gol effizient a louch no 36. Minutte mat 2:0 a Féierung. Nach virun der Paus hunn d'Gäscht de Match mat 2 Goler an der Nospillzäit awer nach konnten ausgläichen. Den entscheedenden Gol huet den Höler an der 57. Minutt gemaach, wat gläichbedeitend mat 3:2 Schlussresultat war. Hoffenheim huet wuel alles versicht, war déi spillbestëmmend Ekipp, mee den Ausgläich sollt fir TSG net mei falen.

Vill Goler sinn och zu Mainz gefall. Den FSV trennt sech no intensiven 90 Minutte mat 2:2 géint Wolfsburg. Laang huet et no enger Victoire fir Mainz ausgesinn, de Vavro sollt an der 89. Minutt awer nach den Ausgläich fir de VFL markéieren.

Kee Gewënner gouf et och zu Leipzig. RB spillt just 1:1 géint Kiel. Fir Kiel kann dëse Punkt am Kamp em den Ofstig awer nach wäertvoll sinn, daat well Heidenheim a Bochum verluer hunn. De Réckstand op Heidenheim, déi aktuell op der 16. Plaz leien, leit bei 3 Punkten.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell