Däitlech Victoire fir Aston Villa géint Newcastle

© AFP
Iwwerdeems huet Manchester City géint Everton sech duerchgesat. A Spuenien dréint Barca een 1:3 an eng 4:3-Victoire.
An och an der däitscher Bundesliga gouf um Samschdeg gespillt. Hei huet Bayern München e grousse Schratt Richtung Titel gemaach. Tescht Union Berlin an dem VFB Stuttgart sinn 8 Goler gefall.
Premier League
FC Everton - Manchester City 0:2
0:1 O'Reilly (85'), 0:2 Kovacic (90+2')
D'Ekipp vum Pep Guardiola ka sech mat 2:0 zu Everton duerchsetzen a sammelt wichteg Punkten am Kamp em déi europäesch Plazen. E staarke Jordan Pickford am Gol vun der Lokalekipp huet de Skyblues d'Liewe méi wéi emol schwéier gemaach. Réischt an der Schlussphase sollt de O'Reilly de Bann briechen an d'Féierung fir City markéieren. De Kovacic huet an der Nospillzäit fir d'Entscheedung gesuergt.

© AFP
FC Brentford -Brighton & Hove Albion 4:2
1:0 Mbeumo (9'), 1:1 Welbeck (45+3'), 2:1 Mbeumo (48'), 3:1 Wissa (58'), 3:2 Mitoma (81'), 4:2 Nörgaard (90+5')
An enger fulminanter Partie, an där et hin an hier gaangen ass, huet sech Brentford um Enn mat 4:2 géint Brighton konnten duerchsetzen. An der Tabell ass Brentford elo direkt hannert Brighton op der 11. Plaz..
Aston Villa - Newcastle United 4:1
1:0 Watkins (1'), 1:1 Schar (18'), 2:1 Maatsen (64'), 3:1 Burn (73'), 4:1 Onana (75')
Aston Villa huet Newcastle am Spëtzematch däitlech mat 4:1 geklappt a steet elo an der Tabell nëmmen nach 2 Punkten hannert Newcastle op der 6. Plaz. Tëscht dem drëtten (Newcastle) an dem sechsten an der Tabell (Aston Villa) sinn nëmmen 2 Punkten Ënnerscheed. Am Kampf em d'Champions League Plazen dierft et also nach richteg spannend ginn op deene leschte Spilldeeg.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AC Monza - SSC Neapel 0:1
0:1 McTominay (72')
Eng ganz wichteg Victoire huet Neapel zu Monza konnte feieren. Mat engem Match mei steet een um Samschdeg den Owend punktgläich mat Inter Mailand bei 71 Punkten. Duerch déi besser Goldifferenz steet Inter awer op der 1. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
PSG - Le Havre 2:1
1:0 Doue (8'), 2:0 Ramos (50'), 2:1 Soumare (60')
AS Monaco - Racing Stroossbuerg 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Barcelona - Celta Vigo 4:3
1:0 Torres (12'), 1:1 Iglesias (15'), 1:2 Iglesias (52'), 1:3 Iglesias (62'), 2:3 Olmo (64'), 3:3 Raphinha (68'), 4:3 Raphinha (90+8')
Barcelona ass gutt an de Match gestart a louch no 12. Minutten duerch den Torres a Féierung. An der Suite huet d'Stonn vum Borja Iglesias geschloen. De Stiermer vu Vigo huet de Match mat 3 Goler zu Gonschte vun de Gäscht gedréint a Barcelona louch no 62. Minutten am eegenem Stadion mat 1:3 a Réckstand. Mat den agewiesselten Dani Olmo a Lamine Yamal huet Barcelona de Match dunn awer nach konnten ausgläichen an de Raphinha huet an der 8 Minutt vun der Nospillzäit fir de Lucky Punch gesuergt. Real Madrid muss elo um Sonndeg nozéien, well en nach eng realistesch Chance op den Titel hunn.