An der zweeter Liga spréngt Köln op d'éischt Tabelleplaz. De Sébastien Thill huet a Polen fir seng Faarwe markéiert.

An der Nuecht op e Sonndeg huet Los Angeles FC dat éischt Gläichspill an der nach jonker Saison erkämpft. De Veräi vum Maxime Chanot, dee blesséiert net matwierke konnt, ass bis an d'lescht Minutt engem Réckstand hannendru gelaf. An der 90. Minutt konnt LA nach ausgläichen a Portland zwee Punkten ofknäppen.

An der Bundesliga gouf et fir Gladbach déi zweet Néierlag hannerteneen. D'Fohle verléieren 2:3 bei Borussia Dortmund, déi domat an der Tabell laanscht Gladbach sprangen. Nodeem den Tiago Pereira déi lescht véier Matcher tëscht de Pottoe stoung, huet hien dës Kéier nees op der Ersatzbänk musse Plaz huelen a koum wärend 90 Minutten net an den Asaz.

St. Pauli konnt eng Néierlag géint Leverkusen nach sou just verhënneren an huet elo op 8 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz. No 90 Minutte stoung et um Millerntor 1:1.  De Lëtzebuerger Danel Sinani huet sengem Veräin vill gehollef fir géint den aktuelle Champion Leverkusen gläich ze spillen. Hien hat e Fräistouss esou schaarf op de géignereschen Gol bruecht, dass de Golkipp de Ball net ze pake krut. E Coequipier vum Lëtzebuerger huet dunn ofgestëbst, fir den Ausgläich ze markéieren.

Den 1. FC Köln gewënnt no 2 Matcher ouni dräifach Punktzuel mol nees. Géint Preußen Münster hunn d'Geessebéck 3:1 gewonnen a sprangen op déi éischt Plaz virun den HSV. De Mathias Olesen huet mussen op der Bänk Plaz huelen a gouf an der 73. Minutt agewiesselt, wéi d'Schlussresultat scho feststoung.

Hei fannt Dir all d’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der Meeschterronn an der Belsch huet Union St. Gilloise dat éischt schwéiert Kaliber hannert sech gelooss. Géint de KRC Genk, dee bis elo Spëtzereider war, konnte sech d'Bréisseler 2:1 duerchsetzen. St. Gilloise louch schonn no 50 Minutten 2:0 vir an den Anthony Moris huet eréischt an der Nospillzäit hannert sech gräife mussen. No 4 vun 10 Spilldeeg läit St. Gilloise hannert dem FC Bruges op der zweeter Plaz, huet awer just 2 Punkte Réckstand.

Wéi fir säi Brudder Sébastien goung et och fir den Olivier Thill an der Ukrain net duer fir 3 Punkten. No 90 Minutten hu sech d'Schlussliicht Petrove a Cherkasy 0:0 getrennt. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain. An der Tabell trenne béid Ekippe 5 Spilldeeg viru Schluss 9 Punkten. Cherkasy muss weiderhin oppassen, dass si net op eng Relegatiounsplaz falen.

Samschdeg

A Polen huet de Sébastien Thill mat Stal Rzeszow fir de Konto vum 29. Spilldag 2:2-Gläich géint Stalowa Wola gespillt. De Lëtzebuerger huet kuerz virun der Paus den tëschenzäitlechen 2:1 fir seng Faarwe markéiert. Um Enn sollt et awer net fir 3 Punkten duergoen. An der Tabell steet Stal Rzeszow mat 35 Punkten op der 12. Plaz.

An der 2. däitscher Bundesliga gouf et an der Spëtzepartie tëscht Elversberg an Düsseldorf kee Gewënner. Elversberg, mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte, ass no 73 Minutte mat 0:1 a Réckstand geroden, konnt de Score an der 80. Minutt duerch e Gol per Eelefmeter vum Sickinger awer ausgläichen. Domat bleift een an der Tabell weider virun Düsseldorf.

Hei fannt Dir all d’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

De Florian Bohnert huet an der Ligue 2 a Frankräich mam SC Bastia e Samschdeg Mëtteg mat 0:1 auswäerts géint den FC Paräis verluer. De Lëtzebuerger Defenseur gouf an der 77.Minutt ausgewiesselt.

An der Regionalliga West an Däitschland huet déi zweet Ekipp vu Schalke iwwerraschend däitlech mat 3:0 zu Oberhausen gewonnen. De Maurice Deville ass an der 69. Minutt fir de Pierre-Michel Lasogga agewiesselt ginn. An der Tabell steet Schalke mat 25 Punkte genau 25 Punkten hannert Oberhausen (50 Punkten) op der 14. Plaz.

A Portugal huet AFS 1:1-Gläich géint Casa Pia gespillt. De Gerson Rodrigues feelt dem AFS aktuell wéinst enger Blessur.

Kuerz drop huet Benfica Lissabon Vitória Guimaraes keng Chance gelooss an 3:0 gewonnen. Mat dëser Victoire bleift Benfica am Gläichschrëtt mat Sporting. Béid Ekippen hunn 72 Punkten no 30 Spilldeeg. De Leandro Barreiro gouf an der 71. Minutt agewiesselt, kuerz drop ass den zweete Gol fir Benfica gefall. 
Hei fannt Dir all d’Resultater an d’Tabell aus der Primeira Liga.

An der héchster bosnescher Liga muss FK Sarajevo mam Mirza Mustafic e Réckschlag verdauen. Géint den Tabelleleader Banja Luka souz et eng 0:2-Defaite, woumat Sarajevo elo 13 Punkten hannert Banja Luka läit. De Mustafic gouf eréischt an der 85. Minutt agewiesselt, wéi et schonn 0:2 stoung.

Freideg

Um Freideg den Owend huet de Mica Pinto mat senger Ekipp ZSKA Sofia a Bulgarien mat 0:1 géint Krumovgrad verluer. Den entscheedenden Gol ass an der 54. Minutt per Eelefmeter gefall. De Mica Pinto gouf an der Nospillzäit (90+2') fir den Tasev ausgewiesselt. ZSKA Sofia steet an der Tabell op der 7. Plaz.

An der 2. Liga an Éisträich huet den Dirk Carlson mat St.Pölten doheem mat 1:2 géint den SV Ried de Kierzeren gezunn. De Lëtzebuerger Defenseur, deen iwwer 90 Minutten um Terrain stoung, krut kuerz virun der Paus déi Giel Kaart gewisen. An der Tabell steet St. Pölten op der 6. Plaz. Ried ass dogéint 2 Punkten hannert dem Tabellenéischten Admira Wacker op der 2. Plaz.

De Laurent Jans huet an der Challenger Pro League an der Belsch mat senger Ekipp Beveren eng däitlech 4:0-Victoire auswäerts bei der 2. Ekipp vum RSC Anderlecht  konnte feieren. De Kapitän vu Beveren stoung iwwert déi 90 Minutten um Terrain. An der Tabell steet een no 28. Spilldeeg mat 51 Punkte 6 Punkten hannert dem Tabellendrëtten. Manner gutt gelaf ass et dogéint fir den Alessio Curci. Francs Borains huet mam Lëtzebuerger auswäerts 0:2 géint U23 vu Brügge verluer. An der Tabell steet Francs Borains op der 12. Plaz.

Den David Jonathans souz an der Eerste Divisie an Holland beim 0:0-Remis vun Den Bosch géint VVV-Venlo de ganze Match iwwer op der Bänk vun der Lokalekipp.