Liverpool muss nach op d'mannst eng Woch op säin nächste Meeschtertitel waarden. An der Bundesliga spréngt Dortmund no der Victoire laanscht Gladbach.

Bundesliga

Augsburg - Frankfurt 0:0

An der éischter Hallschent kruten d'Spectateure vill Kampf ze gesinn, mee wéineg Spektakuläres. Augsburg war dobäi nach déi méi engagéiert Ekipp, Frankfurt huet nom Out an der Europa League midd gewierkt. Am zweeten Duerchgang koumen d'Spectateuren dann e bëssen op hir Käschten, och wa keng Goler gefall sinn. Déi spektakuläerst Aktioun war d'Rettung vum Augsburger Zeisiger op der Gollinn. Frankfurt verpasst domat d'Chance, sech am Kampf ëm d'Champions-League-Plaze vu Mainz a Leipzig ofzesetzen.

Dortmund - Gladbach 3:2
0:1 Itakura (24'), 1:1 Guirassy (41'), 2:1 Nmecha (44'), 3:1 Svensson (45'+5), 3:2 Stöger (56', Eelefmeter)

Dortmund hëlt de Schwong aus der Champions League mat an d'Bundesliga a spréngt no der Victoire géint Gladbach op Plaz 7. Domat ass d'Dier fir d'internationaalt Geschäft nach op.

De Match sollt sech an den 10 Minutte virun der Paus decidéieren. No der Gladbacher Féierung konnt Dortmund dräi Mol netzen an de Match dréinen. Virdru war de BVB wuel méi dominant gewiescht, mee koum net zu Golchancen. De séieren Uschloss fir d'Gäscht huet de Match wuel nach eng Kéier spannend gemaach, trotzdeem ware Golchancen an der zweeter Hallschent rar geséint. Den Tiago Pereira stoung dës Kéier net am Gladbacher Gol, well den Omlin seng Blessur auskuréiert huet.

St. Pauli - Leverkusen 1:1
0:1 Schick (32'), 1:1 Boukalfa (78')

Leverkusen huet d'Bayern München mam Gläichspill bei St. Pauli d'Dier zur Meeschterschaft grouss opgemaach. Wann d'Hamburger am Ufank méi Mutt no vir gewisen hunn, war et duerno d'Werkself, déi de Match gemaach huet a verdéngt a Féierung goung. No enger gudder Stonn huet St. Pauli sech nees méi getraut, et huet awer bis an d'78. Minutt gedauert, bis si ausgläiche konnten. E puer Minutte virdrun hate si de Ball zwar am Filet ënnerbruecht, mee de Gol gouf wéinst Handspill kasséiert. An de leschte Minutten hate béid Ekippen nach d'Chance op den decisive Gol. Den Danel Sinani gouf an der 90. Minutt ausgewiesselt.

Premier League

Fulham - Chelsea 1:2
1:0 Iwobi (20'), 1:1 George (83'), 1:2 Neto (90'+3)

Chelsea konnt de Match eréischt spéit zu senge Gonschten dréinen an huet weiderhin d'Méiglechkeet, d'nächst Saison nees an der Champions League ze spillen. Am London-Derby goung Fulham no 20 Minutten a Féierung, nodeem si e fréie Gol wéinst Abseits oferkannt kritt haten. Chelsea huet sech eréischt spéit mat Goler belount, déi awer allen zwee kuckenswäert waren.

Ipswich - Arsenal 0:4
0:1 Trossard (14'), 0:2 Martinelli (28'), 0:3 Trossard (69'), 0:4 Nwaneri (88')

Liverpool muss seng Meeschterparty op d'mannst nach ëm eng Woch verréckelen. Mat der klorer Victoire  beim Ofstigskandidat Ipswich bleift Arsenal op Plaz 2 an huet eng gutt Avance op den Drëttplacéierten Newcastle. Fir d'Gunners ass fréi alles no Plang verlaf. Nom Weiderkommen an der Champions League ënnert der Woch géint Real Madrid hat den Trainer Mikael Arteta dräi Verännerunge virgeholl, eng dovun de Leandro Trossard. Dëse sollt sech mat zwee Goler beim Trainer revanchéieren. Wéi Ipswich am zweeten Duerchgang kuerz opgemuckst huet, konnt Arsenal mam drëtte Gol den Deckel drop maachen a souguer nach e weidere Gol noleeën.

Manchester United - Wolverhampton 0:1
0:1 Sarabia (77')

Mat engem wonnerschéine Fräistoussgol huet Wolverhampton d'Kris bei Manchester United nach méi grouss gemaach. D'Wolves hunn elo souguer déi selwecht Punktzuel wéi d'Red Devils. D'Premier-League-Saison ass bei 20 Punkte Réckstand op d'international Plaze fir United scho gelaf. Déi eenzeg Hoffnung op eng international Participatioun d'nächst Saison bleift de Gewënn vun der Europa League.

Leicester - Liverpool 0:1
1:0 Alexander-Arnold (76')

Et war eng héichverdéngt Victoire fir d'Reds, déi awer laang a schwéier hu musse fir hire Gol schaffen. Mat dëser Néierlag steet och fest, dass Leicester d'nächst Saison eng Etage méi déif spille muss. D'Foxes, déi 2016 iwwerraschend Meeschter gi waren, hu sech virun allem op d'Defense konzentréiert, fir dann awer mat Konterattacke geféierlech ze ginn. Dës waren awer seelen. No der Paus huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden: Liverpool an der Attack, Leicester an der Defense gefuerdert. De Gol vum Alexander-Arnold huet de Match entscheet. Leicester huet déi lescht 9 Matcher kee Gol markéiert.

Bei enger Victoire vun de Reds d'nächst Woch ass hinnen den Titel net méi ze huelen.

Serie A

Bologna - Inter Mailand 1:0
1:0 Orsolini (90'+4)

D'Néierlag am Spëtzenduell géint Bologna erméiglecht et de Kontrahente vun Inter, nees méi no ze kommen. Neapel steet elo punktgläich mat Mailand un der Tabellespëtzt a Bergamo ka géint den AC Milan nach op 7 Punkten erukommen.

Inter Mailand konnt eng Iwwerzuel vun iwwer 30 Minutten net ausnotzen a huet an der Nospillzäit de Géigegol kasséiert.

Ligue 1

Lille - Auxerre 3:1
1:0 Meunier (9'), 2:0 David (43'), 2:1 Alexsandro (90'+2, Eegegol), 3:1 David (90'+7)

Lille bleift u Marseille a Monaco drun a mécht weider am Kampf ëm d'Vize-Meeschterschaft mat. Lyon a Stroossbuerg sinn och nach an der Course.

Nice - Angers 2:1
1:0 Rosario (36'), 2:0 Abdi (47'), 2:1 Belkdim (52')

La Liga