De Gréngewald Hueschtert ass fir déi drëtte Kéier noenee Champion


























































































































































































































































































































































































Um Mëttwoch gouf an der Finall bei den Dammen an der Enovos League den drëtte Match vun der "Best-of-Five"-Serie gespillt.
Fir déi drëtte Kéier noenee ass de Gréngewald Hueschtert Champion vu Lëtzebuerg. D'Ekipp setzt sech doheem mat 71:62 géint d'Sparta Bartreng duerch a wënnt domat d'Finallserie kloer mat 3:0. Fir de Veräin ass et de véierte Championstitel an der Geschicht.
Bei den Häre konnt d'Etzella Ettelbréck duerch e Krimi zu Diddeleng mat 2:0 a Féierung goen.
Am decisive Match konnt sech de Gréngewald séier eng Féierung rausspillen. D'Lokalekipp ass duerch e staarkt Alexus Johnson mat enger 45:36 Féierung an d'Paus gaangen. Bartreng ass et zum Optakt vun der zweeter Hallschecht gelongen, sech bis op 4 Punkten erun ze kämpfen an huet net labber gelooss, ëmmer nees konnt een de Réckstand kierzen am Laf vun der zweeter Hallschecht. Hueschtert hat allerdéngs ëmmer eng Äntwert parat a konnt sech um Enn freeën.