Um Mëttwoch stoung an der Enovos League bei den Hären den zweete Match vun der "Best-of-Five" Finallserie um Programm.

Hei konnt sech d'Etzella Ettelbréck e Matchball sécheren, dat mat enger 92:86-Victoire auswäerts zu Diddeleng.

Bei den Dammen huet de Gréngewald Hueschtert e Mëttwoch den drëtte Championstitel noenee kloer gemaach.

De Resumé vum Owend vum Jeff Kettenmeyer

D'Spectateuren hunn eng ausgeglachen éischt Hallschecht gesinn, béid Ekippen haten an der Paus jeeweils 37 Punkten um Kont. Och nom Säitewiessel sollt et ganz spannend bleiwen, Diddeleng konnt sech mat erfollegräiche Schëss aus der Distanz e klenge Virsprong erspillen, Ettelbréck huet allerdéngs geäntwert an de Match sollt an enger spannender Schlussphas entscheet ginn, eng Minutt viru Schluss stoung et 83:84. Ettelbréck konnt de Match un der Fräiworf-Linn gewannen. D'Lokalekipp huet net manner wéi 16 Dräier an dësem Match getraff, an der entscheedender Phas sinn d'Wërf awer net gefall.

30 Punkte goungen op de Kont vum Jimmie Taylor, den Nationalspiller Philippe Gutenkauf huet 20 Punkte geworf.

Den drëtte Match gëtt um Sonndeg zu Ettelbréck gespillt, hei ka sech d'Etzella mat enger Victoire den Titel sécheren.

RTL

© Jeff Kettenmeyer