"Mir gesi keng Méiglechkeet méi, weiderzefueren"

© Archiv
Eréischt am September 2019 gouf de Projet "Mierscher Turnveräin" an d’Liewe geruff. Mol keng 5 Joer méi spéit soll et eriwwer sinn.
Keng Hal zur Verfügung
De Grond: de Veräin fënnt keng Hal, wou d’Sektiounen trainéiere kënnen. Déi éischt Méint no der Grënnung huet een zesumme mat "Fit Kanner Miersch" am Lycée Classique Diekirch trainéiert. No der Covid-Pandemie an opgrond vun Aarbechten am Lycée gouf et dunn eng Iwwergangsphas an zwou aneren Halen, bis de Mierscher Turnveräin am September 2021 zu Béiwen, an der Nopeschgemeng Helperknapp, en Ënnerdaach fonnt huet. Zënterhier gouf do trainéiert an heiansdo souguer am Turnsall zu Housen.
Elo awer e weidere Réckschlag. Vun dësem Summer u steet och d’Hal zu Béiwen wéinst Renovatiounsaarbechten net méi zur Verfügung. D’Hoffnung an all d’Beméiungen, fir eng aner Trainingsplaz ze fannen oder mat engem anere Veräin ze fusionéieren, si bis ewell gescheitert.
150 Membere gläich ouni Veräin
Um Mëttwoch (23.04.2025) huet de Comité vum Mierscher Turnveräin seng Membere per Communiqué iwwert déi geplangten Opléisung informéiert. "Eis mënschlech Ressourcë si quasi opgebraucht. Dëst bedeit, dass mir de Mierscher Turnveräin opléisen, mir gesi keng Méiglechkeet méi, weiderzefueren.", esou steet et am Bréif.
Eng 150 Leit si betraff, dorënner e fest ugestallten Trainer, dee seng Aarbecht wäert verléieren. Bis d’Enn vun der Saison sinn d’Trainingen zu Béiwen nach garantéiert. Et schléisst ee virum Summer mam traditionelle Gala of. Duerno ass et wuel eriwwer mam Projet.
Gemeng Miersch hat virgewarnt
D’Presidentin vum Mierscher Turnveräin, d’Lindsay Kelly, gëtt zou, dass de Mierscher Schäfferot si vun Ufank u gewarnt hätt. Si wier souzesoen ze fréi u mam Projet Mierscher Turnveräin, well en neie Sportskomplex zu Miersch an der Planung wier, mee eben nach net fäerdeg. Bis dohin hätt d’Gemeng ebe keng aner Säll zur Verfügung an och net déi finanziell Moyenen, fir dem neie Veräin bei enger Locatioun zum Beispill ënnert d’Äerm ze gräifen. Et hätt awer kee kloer gesot, si sollt de Veräin net grënnen, esou d’Lindsay Kelly.
Stellungnam an der Woch vum 28. Abrëll
D’nächst Woch wäerte souwuel déi betraffe Veräinsmembere wéi och e Vertrieder vu der Gemeng Miersch bei RTL Stellung zur aktueller Situatioun huelen. Och de Sportminister ass informéiert a wäert den Dossier kommentéieren.