Duerch eng 3:0-Victoire géint Mainz huet den däitsche Rekordmeeschter et den nächste Spilldag selwer an der Hand, sech de 34. Championstitel ze sécheren.

E Samschdeg de Mëtteg ass et um 31. Spilldag an der däitscher Bundesliga fir vill Ekippen nach ëm wichteg Punkte gaangen. Un der Spëtzt ass d'Decisioun ëm de Championstitel nach net fréizäiteg gefall an an der Lutte ëm déi international Plaze konnte Freiburg an Dortmund dräi Punkte sammelen. Am Ofstigskampf huet Kiel donieft an engem verréckte Match mat siwe Goler géint Gladbach nach e Liewenszeeche ginn.

Hei fannt Dir weider Resultater aus dem internationale Futtball am Iwwerbléck.

Zu München huet sech den Tabelleleader FC Bayern mat 3:0 géint Mainz duerchgesat. No enger roueger Ufanksphas war den Drock op de Gol vun de Gäscht ëmmer méi grouss ginn a sou konnt de Leroy Sané den däitsche Rekordmeeschter an der 27. Minutt mat engem flaache Schoss an de laangen Eck a Féierung bréngen. Mainz huet sech vun hei un immens schwéier gedoen, géint en dominante Géigner iwwerhaapt Fouss ze faassen. Kuerz virun der Paus huet de Michael Olise op eng verdéngt 2:0-Féierung erhéicht. An der zweeter Hallschent hunn d'Gäscht et da probéiert, nach ee méiglechen Uschloss ze fannen. Dobäi si si zwar e puer Mol a Richtung Gol komm, dat awer ouni Succès. Zum Schluss ass de Match no engem weidere Gol vum Eric Dier mat engem gerechten 3:0 op en Enn gaangen.

Duerch eng 2:0-Victoire parallel vu Leverkusen géint Augsburg muss d'Meeschterfeier vun de Bayern op mannst nach bis déi nächst Woch op sech waarde loossen. Do kënne si sech mat engem Succès zu Leipzig de Championstitel zréck op München huelen.

Dortmund huet da mat enger 3:2-Victoire géint Hoffenheim an der Course ëm déi international Plaze wichteg Punkte gesammelt. Zu Sinsheim war de BVB vun Ufank un déi besser Ekipp a konnt deemno och no 20 Minutten am Numm vum Serhou Guirassy a Féierung goen. Am weidere Spillverlaf hat Dortmund eng sëllege weider Golchancen, ma dës goufen awer net genotzt. Dovu profitéiert huet op där anerer Säit dann Hoffenheim mam Gol zum 1:1 duerch den Adam Hlozek. An enger Phas, an där d'Lokalekipp drop an dru war, de Match ze dréinen, huet dann awer rëm Dortmund zougeschloen a mam Gol vum Julian Brandt d'Féierung nees hiergestallt. Domat war et awer nach laang net eriwwer. Nodeems Hoffenheim da kuerz viru Schluss eng weider Kéier ausgläiche konnt, war et de Waldemar Anton, dee mat sengem Gol an der Nospillzäit déi dräi Punkte fir Dortmund séchere konnt.

Och Freiburg huet duerch en 1:0-Succès zu Wolfsburg weider bescht Chancen op eng international Plaz a ka mat der 4. Tabelleplaz aktuell souguer realistesch vun der Champions League dreemen.

Virun den eegene Supporter huet Kiel sech dann nach mat 4:3 géint Gladbach duerchgesat a steet domadder just nach dräi Punkten hannert der Relegatiounsplaz. Mam Tiago Pereira Cardoso op der Bänk war Gladbach schonn no 15 Minutten a Réckstand geroden, dat no engem Corner, deen de Shuto Machino mam Kapp präzis am Gol ënnerbrénge konnt. Aacht Minutte méi spéit konnt den Alexander Bernhardsson vun engem defensive Feeler vun de Fohlen profitéieren an op 2:0 erhéijen. No der Paus huet en Doppelschlag vun de Gäscht dann op 2:2 ausgeglach. Eng weider Féierung fir d'Kieler an der 76. Minutt sollt awer nach net de Schlusspunkt an enger héich interessanter Partie sinn. Nëmmen 10 Minutte méi spéit war et de Franck Honorat deen aus spatzem Wénkel op d'3:3-Schlussresultat stelle konnt. D'Kieler hu weider net opginn a spéitstens mam 4:3 duerch de Shuto Machino war de Match dann entscheet.

E Samschdeg den Owend huet Frankfurt dann nach Leipzig mat 4:0 ofgeschoss. Dat no de Goler vum Knauff (2), Ekitiké a Koch. An der Tabell vergréisseren d'Frankfurter also hire Virsprong op der drëtter Plaz op elo véier Punkten.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell