Barcelona wënnt d'Copa del Rey no Victoire géint Real Madrid

© AFP / Pierre-Philippe Marcou
De Gol vum Jules Koundé an der 116. Minutt huet fir eng spéit Victoire an engem spannenden "El Clásico" gesuergt.
E Samschdeg stoungen am internationale Futtball eng Rei Decisiounen an de Championnater an och an der Coupe um Programm. An England steet Ipswich als drëtten Ofsteiger nieft Leicester a Southampton fest, wärend Chelsea an Newcastle wichteg Punkte fir eng Plaz an der Champions League sammele konnten. An der Tabell sti béid Ekippen an den Top-5, si kënnen awer nach vun Nottingham ageholl ginn.
Am engleschen FA Cup stoung dann déi éischt 1/2-Finall um Programm, wou sech Crystal Palace mat 3:0 géint Aston Villa duerchgesat huet. An der Finall geet et géint de Gewënner vum Duell Nottingham géint Manchester City, deen e Sonndeg ermëttelt gëtt.
A Spuenien konnt den FC Barcelona dann no engem spannenden "El Clásico" géint Real Madrid fir déi 32. Kéier d'Coupe gewannen. Nodeems et mat engem 2:2 no 90 Minutte kee Gewënner gouf, war et an der 116. Minutt de Jules Koundé, dee mat engem Distanzschoss den decisiven 3:2 markéiert huet.
Premier League
Chelsea - Everton 1:0
1:0 Jackson (27')
Mat enger onspektakulärer, awer verdéngter Victoire bleift Chelsea weider an der Course ëm eng Champions-League-Plaz. No 27 Minutte war et den Nicolas Jackson, deen d'Blues mat engem präzise flaache Schoss a Féierung brénge konnt. Everton war grouss Deeler vum Match ze passiv an huet Chelsea de Ball geréiere gelooss. Kuerz viru Schluss war de Gaascht dann awer nach 1-2 Mol geféierlech virun de Gol komm, sou dass den Ausgläich net all ze wäit fort war. Um Enn sollt sech um Spillstand awer näischt méi änneren.
Newcastle - Ipswich 3:0
1:0 Isak (45+4'), 2:0 Burn (56'), 3:0 Osula (80')
Och Newcastle bleift duerch en 3:0-Succès op engem gudde Wee, déi nächst Saison nees Champions League ze spillen. Kuerz virun der Paus huet een Eelefmeter vum Alexander Isak fir d'Féierung gesuergt. Am zweeten Duerchgang hunn d'Goler vum Burn an Osula dann den Deckel drop gemaach an domadder gläichzäiteg den Ofstig vun Ipswich besigelt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FA Cup
Crystal Palace - Aston Villa 3:0
1:0 Eze (31'), 2:0 Sarr (58'), 3:0 Sarr
Am Wembley Stadium zu London war et e Samschdeg no enger gudder hallwer Stonn eng éischte Kéier haart ginn. Mat engem präzise Schoss aus 17 Meter, deen direkt ënnert d'Lat geflunn ass, louch Palace net onverdéngt a Féierung. Och an der zweeter Hallschent war vun Aston Villa weider net genuch komm, fir den Ausgläich ze markéieren. Op der anerer Säit war et an der 58. Minutt op en Neits d'Ekipp vu Palace, déi duerch den Ismaila Sarr erhéije konnt. An der véierter Minutt vun der Nospillzäit huet de Sarr da mat sengem zweete Gol definitiv den Deckel drop gemaach a senger Ekipp mat enger staarker Leeschtung den éischten Ticket fir d'Finall geséchert.
Ligue 1
Stroossbuerg - Saint Etienne 3:1
1:0 Moreira (7'), 1:1 Davitashvili (19'), 2:1 Emegha (63'), 3:1 Bakwa (83')
Le Havre - Monaco 1:1
1:0 Kouka (22'), 1:1 Biereth (61')
Lyon - Rennes 4:1
1:0 Fofana (8'), 2:0 Tolisso (25'), 3:0 Lacazette (39'), 3:1 Meite (50'), 4:1 Mikautadze (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Copa del Rey (Spuenien)
FC Barcelona - Real Madrid 3:2
1:0 Pedri, 1:1 Mbappé (70'), 1:2 Tchouameni (77'), 2:2 Torres (84'), 3:2 Koundé (116')
Réischt fir déi zweete Kéier an dësem Joerhonnert si Barcelona a Real Madrid an der Finall vun der Copa del Rey openeegetraff. Am Stadion zu Sevilla waren d'Katalanen op Grond vun der aktueller gudder Form als liichte Favorit an de Match gaangen. Wärend Barcelona op de Robert Lewandowski verzichte misst, souz bei Real ufanks de Kylian Mbappé nach op der Bänk. An den éischte Minutte vum Match huet sech Real Madrid sech op d'Defense konzentréiert an de Géigner ulafe gelooss. No an no huet Barcelona den Tempo weiter ugezunn an ëmmer méi louch en éischte Gol an der Loft. Dee sollt dann och an der 28. Minutt falen. No engem Pass vum Lamine Yamal an de Réckraum huet de Pedri direkt ofgezunn a mat engem Sonndesschoss an de Wénkel op 1:0 gestallt. Mat enger verdéngter Féierung fir d'Ekipp an de rout-bloen Trikoten ass et no 45 Minutten an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel war de Match da méi ausgeglach. Och déi Kinneklech sinn elo ëmmer méi offensiv aktiv ginn a konnte sech sou eng Rei Chancen erspillen. Barcelona, a virun allem de Wojciech Szczesny am Gol kruten den Ausgläich ëmmer nees verhënnert, bis en direkte Fräistouss vum Kylian Mbappé den Ënnerscheed gemaach huet. De Fransous huet aus zentraler Positioun virum Strofraum an den Eck vum Golkipp geschoss a gutt 20 Minutte viru Schluss op 1:1 gestallt. Elo hat Real Blutt geleckt a war um Drécker fir mat 2:1 a Féierung ze goen. Nëmme sechs Minutten huet gedauert, bis dat dann och agetraff ass. No engem Corner vum Arda Güler war den Aurelien Tchouameni gutt positionéiert, fir de Ball an de Gol ze käppen. Barcelona war elo ënner Drock an d'Zäit ass ëmmer weider erofgelaf. An der 84. Minutt konnten d'Katalanen dann awer eng Äntwert fannen an de Spillstand nees egaliséieren. De Ferran Torres hat de Ball no enger wäiter Pass laanscht den Thibaut Courtois matgeholl a mat der néideger Rou op 2:2 gestallt. An enger dramatescher an och hektescher Schlussphas sollt et dann nach a leschter Sekonn en Eelefmeter fir Barcelona ginn, ma nom Asaz vum VAR war eng kloer Schwalb vum Raphinha ze erkennen, sou dass et an d'Verlängerung gaangen ass.
Hei huet een elo gemierkt, dass d'Kraaft bei deene meeschte Spiller um Terrain ëmmer méi nogelooss huet. Trotzdeem ass et ëmmer nach hin an hir gaangen an ee Gol konnt grad sou gutt op béide Säite falen. Ee flaachen Distanzschoss vum Jules Koundé sollt um Enn dann den Ënnerscheed maachen an den Titel vun der Copa del Rey fir Barcelona sécheren.