Mat enger 5:1-Victoire géint Tottenham hunn d'Reds den 20. Championstitel an der Veräinsgeschicht fréizäiteg decidéiert.

Am internationale Futtballchampionnat gouf et e Sonndeg d'Decisioun an der englescher Premier League. Den neie Champion 2025 heescht Liverpool. Véier Spilldeeg viru Schluss ass den Titel der Ekipp vun der Anfield Road net méi ze huelen, dat no enger 5:1-Muechtdemonstratioun géint Tottenham.

Parallel gouf am Wembley Stadium den zweete Finalist vum FA Cup ermëttelt. Hei konnt sech Manchester City mat 2:0 géint Nottingham duerchsetzen an trëfft domadder an der Finall op d'Iwwerraschungsekipp Crystal Palace, déi e Samschdeg mat 3:0 géint Aston Villa gewonnen hat.

An der Serie A an Italien gouf et dann eng knapp Defaite fir Inter Mailand, déi bis elo punktgläich mat Neapel un der Tabellespëtzt vun der Tabell stoungen. AS Roum ass dogéint elo zanter 18 Matcher ongeschloen a ka weider op eng Plaz an der Champions League hoffen.

An der Bundesliga huet dann d'Tabelleschlussliicht Bochum 1:1 géint Union Berlin gespillt. Domadder mécht een d'Lach op d'Relegatiounsplaz op mannst nees op véier Punkten zou.

Bundesliga

Bochum - Union Berlin 1:1
0:1 Hollerbach (17'), 1:1 Bero (68')

Bremen - St. Pauli 0:0

Fir den Danel Sinani a St. Pauli ass et fir den Ofschloss vum 31. Spilldag ee Punkt zu Bremen ginn, mat deem den Ecart op d'Relegatiounsplaz elo sechs Punkten ass. De Lëtzebuerger Offensivspiller stoung an der Starteelef a war an der éischter Hallschent zesumme mat senger Ekipp méi no un der Féierung dru wéi d'Lokalekipp. No der Paus war da Bremen besser am Match, ma ee Gol sollt et op dësem Nomëtteg net méi ginn.

Premier League

Bournemouth - Manchester United 1:1
1:0 Semenyo (23'), 1:1 Höjlund (90+6')

Liverpool - Tottenham 5:1
0:1 Solanke (12'), 1:1 Luis Diaz (16'), 2:1 Mac Allister (24'), 3:1 Gakpo (34'), 4:1 Salah (63'), 5:1 Udogie (69')

Liverpool ass no enger klorer Victoire géint Tottenham neien englesche Champion. Trotz engem klenge Feelstart duerch d'Féierung fir d'Gäscht vun Tottenham, hu sech d'Reds virun der eegener Kuliss d'Decisioun net méi huele gelooss. Bannent aacht Minutte konnte si am Numm vum Luis Diaz a Mac Allister de Match dréinen an nach virun der Paus op 3:1 stellen. Am zweeten Duerchgang huet Liverpool da weider gedréckt a sou ass de Match no engem weidere Gol vum Salah an engem Selbstgol vum Udogie mat 5:1 op en Enn gaangen.

FA Cup

Nottingham - Manchester City 0:2
0:1 Lewis (2'), 0:2 Gvardiol (51')

Manchester City heescht de Géigner vu Crystal Palace an der Finall vum engleschen FA Cup. Schonn no zwou Minutte war City am Wembley Stadium a Féierung gaangen, nodeems de Rico Lewis kuerz virum Strofraum net gestéiert gouf an Zäit fir e gudden Ofschloss hat. Am weidere Spillverlaf war vun Nottingham net vill komm, dat well hire Géigner dominéiert huet an alles sou wäit am Grëff hat. En zweete Gol vum Josko Gvardiol kuerz no der Paus sollt dann eng kleng Virentscheedung sinn. Nottingham huet dann zwar nach eemol eng richteg gutt Phas erwëscht, ma de Ball wollt op dësem Sonndeg einfach net an de Gol, sou dass et um Enn bei der 2:0-Victoire fir d'Ekipp aus Manchester bliwwen ass.

Serie A

Neapel - Turin 2:0
1:0 McTominay (7'), 2:0 McTominay (41')

No der 2:0-Victoire an der Néierlag vun Inter steet Neapel elo eleng un der Tabellespëtzt an der Serie A.

Venedeg - AC Mailand 0:2
0:1 Pulisic (5'), 0:2 Gimenez (90+6')

Inter Mailand - AS Roum 0:1
0:1 Soulé (22')

Am enken Duell ëm de Championstitel huet Inter Mailand missen e Réckschlag astiechen. Géint den AS Roum gouf et virun den eegene Spectateuren nämlech eng 0:1-Defaite, duerch déi Neapel op dräi Punkten dervun zéie kann. No 22 Minutte waren d'Gäscht duerch ee Gol vum Matias Soulé a Féierung gaangen an haten och duerno nach d'Chance op 2:0 ze erhéijen. An der zweeter Hallschent huet sech Inter dann no an no un een eventuellen Ausgläich eru geschafft, dat allerdéngs ouni Succès. Um Enn wënnt d'AS Roum, déi domadder elo zanter 18 Matcher ongeschloen ass an an der Tabell op déi 5. Plaz klëmmt.

Ligue 1

Angers - Lille 0:2
0:1 Alexsandro (45+1'), 0:2 Haraldsson (50')

Lens - Auxerre 0:4
0:1 Onaiwu (33'), 0:2 Perrin (40'), 0:3 Onaiwu (44'), 0:4 Hoever (73')

La Liga

Villareal - Espanyol 1:0
1:0 Yeremy (52')