Meeschterdecisioun a Portugal nach net gefall

© AFP
Sporting a Benfica Lissabon trenne sech 1:1 An der Serie A gouf et tëscht Juventus a Lazio Roum och kee Gewënner.
A Portugal stoung e Samschdeg de Spëtzematch tëscht Sporting a Benfica Lissabon, dem Tabellenéischten an dem Tabellenzweeten, um Programm. No 90 Minutte stoung et 1:1. Sporting war an der Paus um Wee a Richtung Titelverdeedegung, well si schonn an der 4. Minutt duerch e Gol vum Trincao a Féierung gaange waren. Déi Gréng-Wäiss haten de Ball och eng zweet Kéier am Gol ënnerbruecht, mee deen huet net gezielt. Benfica konnt an der 63. Minutt ausgläichen an huet bis zum Schluss op den zweete Gol gedréckt. Dee sollt awer net méi falen. De Leandro Barreiro koum bei dësem Stadderby net an den Asaz. Béid Ekippen hu virum leschte Match déi selwecht Punktzuel, mee Sporting huet zwee Virdeeler: déi besser Goldifferenz (+3) an d'Victoire aus dem Allermatch.
Bundesliga
Nom zweetleschte Spilldag sti mat Kiel a Bochum déi zwee fix Ofsteiger fest. Heidenheim huet d'Relegatioun sécher. An der Zweeter Bundesliga steet den Hamburger SV als éischten Opsteiger fest. Si wäerten no 7 Joer Abstinenz nees an der Beletage vum däitsche Futtball spillen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Southampton - Manchester City 0:0
Manchester City verpasst et, sech sécher fir d'Champions League ze qualifizéieren. Duerch d'Gläichspill beim fréisten Ofsteiger vun allen Zäiten Southampton mussen d'Skyblues elo op d'Matcher vun Newcastle, Chelsea an Nottingham kucken. ManCity huet 2 Punkte Virsprong, mee och ee Match méi. Fir Southampton war et eréischt den 12. Punkt am 36. Match.
Bournemouth - Aston Villa 0:1
0:1 Watkins (45'+6)
Aston Villa ass mat dësem Resultat eng Plaz an der Conference League net méi ze huelen. D'Ekipp vu Birmingham ka sech nieft der Europa League och nach berechtegt Hoffnungen op eng Plaz an der Champions League maachen. Fir Bournemouth ass den Dram vun enger internationaler Participatioun ausgedreemt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Lazio Roum - Juventus Turin 1:1
0:1 Kolo Muani (51'), 1:1 Vecino (90'+6)
Et war e spannende Match tëscht dem Tabellevéierten an Tabellefënneften. Lazio hat de besseren Ufank, mee Juventus koum mat der Zäit ëmmer besser an de Match. Goler hunn d'Spectateuren am Stadio Olimpico trotz e puer Chancen awer nach net ze gesi kritt. Juventus konnt direkt nom Säitewiessel a Féierung goen an dëse Virsprong laang halen. Ab der 60. Minutt hu sech awer zu Zéng mussen duerchbäissen. An der Schlussphas goung et héich hier: Lazio huet alles no vir gehäit a gouf an der Nospillzäit mam Ausgläich belount.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1