Danel Sinani a St. Pauli bleiwe sou gutt wéi sécher éischtklasseg

© AFP (Archiv)
Duerch en 2:2-Remis zu Frankfurt huet St. Pauli ee Spilldag viru Schluss e Virsprong vun dräi Punkten a +13 Goler op d'Relegatiounsplaz.
Sonndeg
An der héchster portugisescher Liga huet den AVS e Sonndeg e fréizäitegen Ofstig verhënnert. Duerch eng 1:0-Victoire géint den direkte Konkurrent Estrela Amadora ass ee mam SC Farense op der Barrageplaz nees gläich gezunn an et besteet um leschte Spilldag nächste Weekend souguer nach d'Chance fest de Verbleif ze sécheren. Den Gerson Rodrigues (verletzt) an den Eric Veiga stoungen e Sonndeg allebéid net am Kader.
Den Edvin Muratovic huet da mat zwee wichtege Goler fir eng 4:2-Victoire vun Odra Opole géint Kotwica Kolobrzeg gesuergt. De Lëtzebuerger Stiermer war an der 59. Minutt agewiesselt ginn a konnt an der 71. Minutt, sou wéi duerch een Eelefmeter an der 79. Minutt treffen. An der éischter Liga a Polen sammelt Odra Opole domadder immens wichteg Punkte géint den Ofstig a steet elo zwee Spilldeeg viru Schluss véier Punkte virun enger Ofstigsplaz.
An der 1. Bundesliga huet den FC St. Pauli de Verbleif an der 1. Bundesliga sou gutt wéi geséchert. No engem 2:2-Remis zu Frankfurt, bei deem den Danel Sinani déi 90 Minutten um Terrain stoung, huet d'Ekipp aus dem Kiez virum leschte Spilldag e Virsprong vun dräi Punkten op d'Relegatiounsplaz. Duerch eng besser Goldifferenz vu +13 par Rapport zu Hoffenheim kann een dovun ausgoen, dass dëse Virsprong net méi ageholl ka gëtt.
Samschdeg
A Portugal stoung e Samschdeg den absolutte Spëtzematch tëscht Benfica a Sporting Lissabon um Programm. Hei gouf et kee Gewënner, well béid Ekippe sech 1:1 getrennt hunn. Domat ass d'Decisioun ëm d'Meeschterkroun nach net gefall. De Leandro Barreiro duerft bei dësem Match net matwierken a souz 90 Minutten op der Bänk.
D'Resultater aus der portugisescher Liga fannt Dir hei: https://www.rtl.lu/sport/
D'SV Elversberg huet weiderhin d'Méiglechkeet, den Opstig an d'Bundesliga ze packen. Am leschten Heemmatch vun der Saison huet sech d'Ekipp vum Co-Trainer Raphael Duarte 3:0 géint Braunschweig behaapt an d'Ofstigssuerge vun de Léiwen nach méi grouss gemaach. Elversberg steet weiderhin op der Relegatiounsplaz, ass awer punktgläich mat Paderborn. De Réckstand op Köln läit bei 3 Punkten. Bei Punktgläichstand huet Elversberg déi besser Goldifferenz. Köln spillt géint Kaiserslautern, déi och nach Chancen op d'Relegatiounsplaz hunn.
D'Resultater aus der 2. Bundesliga fannt Dir hei: https://www.rtl.lu/sport/
Eng Etage méi déif duerft den Tim Kips de Gol vun Erzgebirge Aue hidden. Am zweetleschte Match vun der Saison huet de Lëtzebuerger awer dräi Mol hannert sech gräife mussen. Um Enn stoung et géint den Ofsteiger Sandhausen 2:3. Aue ass scho laang gerett.
Den Tiago Pereira Cardoso a Gladbach si mat engem 0:2 am Gepäck nees vu München heemgefuer. Beim leschten Heemmatch vum Thomas Müller am Bayern-Trikot souz de jonke Lëtzebuerger Golkipp als Ersatzmann op der Bänk.
D'Union St. Gilloise steet kuerz virun engem weidere Meeschtertitel an der belscher Liga. Am Derby géint den RSC Anderlecht konnte sech Anthony Moris a Co mat 1:0 behaapten a stinn zwee Matcher viru Schluss mat 4 Punkten Avance op der éischter Plaz. Den FC Bruges kann e Sonndeg awer nees nozéien.
An der hollännescher Eredivisie leeft et am Moment net fir NAC Breda. De Veräi vum Enis Mahmutovic huet déi lescht 5 Matcher net gewonnen, leeft awer keng Gefor méi, nach ofzesteigen. Zwee Spilldeeg viru Schluss huet Breda 7 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz. Um 32. Spilldag gouf et déi 16 Néierlag an dëser Saison beim 0:1 géint Fortuna Sittard.
Fir Stal Rzeszow gouf et an der polnescher Liga déi véiert Néierlag hannerteneen. D'Ekipp vum Sébastien Thill goung géint Polonia Warschau mat 1:2 als Verléierer vum Terrain.
Och säi Brudder Olivier Thill konnt um zweetleschte Spilldag an der Ukrain keng Victoire feieren. Géint Obolon, en direkte Konkurrent am Ofstigskampf, stoung et no 90 Minutten 0:0. Cherkasy huet elo 29 Punkten a steet domat 4 Punkte virun enger Relegatiounsplaz. Den Olivier Thill gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt.
A Rumänien huet Hermannstadt 1:0 géint Poli Iasi gewonnen a seng Spëtzepositioun am Kampf ëm d'Qualifikatioun fir d'Conference League gefestegt. De Vahid Selimovic stoung an der Startformatioun, krut och eng Giel Kaart, gouf awer an der 79. Minutt wéinst Gefor, vum Terrain gesat ze ginn, ausgewiesselt.
E bësse méi westlech a Bosnien huet den FK Sarajevo véier Matcher viru Schluss eng 0:1-Defaite géint Siroki Brijeg kasséiert an domat och e Réckschlag am Kampf ëm déi lescht Conference-League-Plaz. Sarajevo muss oppassen, dass de Lokalrival Zeljeznicar, mat engem Match manner, net nach laanschtzitt. De Mirza Mustafic stoung wéi gewinnt an der Startformatioun, huet awer bis zur 76. Minutt gespillt.
Den SC Bastia huet an der Ligue 2 2:0 géint den Tabelleleschte Caen gewonnen. Et war de leschte Spilldag an dëser Saison fir de Florian Bohnert a seng Ekipp. De Lëtzebuerger koum dobäi nach eng Kéier 64. Minutten an den Asaz, éier hien ausgewiesselt gouf.
Freideg
Nom kuerzfristegen Trainerwiessel op de Friedhelm Funkel konnt Köln 2:1 zu Nürnberg gewannen a sech domat eng gutt Ausgangspositioun fir de leschte Spilldag sécheren. Köln huet dräi Punkte Virsprong op d'Konkurrenten Elversberg a Paderborn. De Mathias Olesen koum an dësem Match net an den Asaz.
D'Resultater aus der 2. Bundesliga fannt Dir hei: https://www.rtl.lu/sport/
ZSKA Sofia ass um beschte Wee, sech fir d'Conference League ze qualifizéieren. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Mica Pinto huet 3:0 géint den direkte Konkurrent Plovdiv gewonnen a steet elo eleng un der Tabellespëtzt vun der Playoffgrupp. De Pinto war vun Ufank un dobäi, gouf awer nom drëtte Gol fir seng Faarwe vum Terrain geholl.
Fir St. Pölten geet an de leschte Spilldeeg vun der zweeter éisträichescher Liga just nach ëm d'Éier. Si hunn 10 Punkte Réckstand op d'Opstigsplaz, wou Admira Wacker am Moment déi bescht Chancen huet. Am Heemmatch géint Bregenz gouf et eng 3:1 fir St. Pölten, wou den Dirk Carlson duerchgespillt huet.
De Vincent Thill huet um drëttleschte Spilldag an Aserbaidjan mat FK Sabah 3:1 géint Shamakhi gewonnen. Fir Sabah FK geet ëm näischt méi. Si stinn op der 5. Plaz an hunn 11 Punkte Réckstand op eng Plaz fir d'Conference-League-Qualifikatioun. De Vincent Thill stoung an der Startformatioun, gouf awer an der 59. Minutt beim Stand vun 1:1 ausgewiesselt.