Jenny Warling gewënnt Sëlwer
D'Lëtzebuerger Karateka huet hir staark Performance bei der EM zu Jerewan an Armenien mat der Sëlwermedail belount.
En Donneschdeg hat sech d'Jenny Warling fir d'Finall vun der Karate-EM qualifizéiert. Hei war si an der Kategorie -55 Kilogramm géint d'Mia Bitsch, d'Nummer 3 vun der Welt aus Däitschland, ugetrueden.
An der Finall war d'Jenny Warling mat 1:4 ënnerleeën. Et huet laang gedauert, bis den éischte Punkt gelant gouf, well kee richteg ugräife wollt. Dowéinst krute béid Kämpferinnen dräi Verwarnungen ausgeschwat.
21 Sekonne viru Schluss konnt d'Warling en Treffer landen, mee d'Mia Bitsch konnt kuerz drop den Ausgläich markéieren. Si krut de Punkt eréischt duerch de Videobeweis zougesprach. Uschléissend konnt déi Däitsch 2 Sekonne viru Schluss e Kapptreffer landen a krut doduerch 3 Punkten.

© FLK
D'Mia Bitsch konnt domat hiren EM-Titel aus dem leschte Joer verdeedegen. Fir d'Jenny Warling bleift d'Sëlwermedail. Si hat dësen Titel 2019 gewonnen. Duerch d'Participatioun un der Finall ass d'Lëtzebuergerin och fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert.