Diddeleng verléiert géint Monnerech, Stroossen nees Zweeten
Duerch eng 2:3-Defaite géint Monnerech muss Diddeleng déi zweet Plaz nees un d'UNA Stroossen ofginn, déi eng Victoire géint Beetebuerg feiere konnt.
E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat den drëttleschte Spilldag um Programm.
Hannert dem Champion Déifferdeng bleift et och nom 28. Spilldag weider spannend. Virun den eegene Spectateuren huet den F91 Diddeleng mat 2:3 géint Monnerech de Kierzere gezunn. Dovun huet d'UNA Stroossen profitéiert an ass no enger 3:0-Victoire géint Beetebuerg nees Tabellenzweeten. Ee Punkt hannendru steet de Racing elo op der 4. Plaz, dat no engem 2:0-Succès doheem géint Rouspert.
Och fir Hesper gouf et eng kloer 0:4-Defaite zu Munneref, mat där eng Placéierung an den Top-5 mat véier Punkte Réckstand schwéier gëtt.
Donieft hu sech Rodange an Hueschtert mat engem 1:1-Remis d'Punkte gedeelt.
Duerch d'Beetebuerger Defaite steet den zweeten Ofsteiger nach net fest. Fir nach eng Chance op eng Barrageplaz ze hunn, muss d'Fola awer e Méindeg am Derby géint d'Jeunesse wannen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler