A senger Karriär huet de Stiermer ënner anerem fir d'Escher Jeunesse an d'Union gespillt.

Am Alter vu 67 Joer ass de Manou Scheitler no laanger Krankheet gestuerwen. A senger aktiver Karriär huet hie fir déi Escher Jeunesse an d‘Union gespillt. Mat béide Veräiner gouf hie Lëtzebuerger Champion an huet och d‘Coupe gewonnen. An der Saison 1983/1984 war hie mat 26 Goler beschte Butteur an der Nationaldivisioun.

RTL

© Privat

De Manou Scheitler huet och sechs Matcher fir d‘Nationalekipp gespillt. No senger aktiver Zäit war de Manou Scheitler nees bei sengem Jugendveräin FC Kielen aktiv, dat a ville verschiddene Rollen.