Frankfurt an Dortmund qualifizéiere sech fir d'Champions League

© AFP
Heidenheim muss no enger 1:4-Defaite géint Bremen an d'Relegatioun.
Dortmund huet géint den Ofsteiger Kiel eng Victoire mat 2 Goler Ofstand gebraucht, fir sech d'Qualifikatioun fir d'Champions League aus eegener Kraaft ze sécheren. No engem fréie verwandelten Eelefmeter vum BVB an enger rouder Kaart fir Kiel huet Schwaarz-Giel sech dat och net huele gelooss. Um Enn setzt ee sech doheem mat 3:0 duerch, woumat ee sech als Tabellevéierte fir d'Champions League qualifizéiert.
De leschten Champions-League-Participant gouf an der Partie tëscht Freiburg a Frankfurt ermëttelt. Nodeems d'Breisgauer a Féierung gaange sinn huet Frankfurt d'Partie gedréint a sech mat enger 3:1-Victoire déi 3. Tabelleplaz geséchert. Freiburg gëtt iwwerdeems 5. a spillt domat déi nächst Saison an der Europa League.
Am Duell ëm déi 6. Plaz an domat Qualifikatioun fir d'Conference League huet Leipzig trotz zweefacher Féierung 2:3 géint Stuttgart verluer, woumat RB sech net fir dat europäescht Geschäft qualifizéiert. Mainz huet iwwerdeems 2:2 géint Leverkusen gespillt, soudass d'Mainzer fir déi éischte Kéier zanter 2016/17 nees europäesch dobäi sinn.
Heidenheim huet doheem 1:4 géint Bremen verluer a muss domat als 16. an d'Relegatioun. St. Pauli an Hoffenheim sinn deemno trotz Néierlage géint Bochum a Bayern gerett.
Scho virum leschte Spilldag haten d'Bayern sech de Championstitel geséchert, a mat Bochum a Kiel stoungen och déi zwee direkt Ofsteiger scho fest.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.