Am RTL-Interview huet de Chris Rodesch eis verroden, wéi hie sech op säin éischte Match beim Tennistournoi Roland Garros preparéiert huet.

Groussen Dag fir de Chris Rodesch. Den 23 Joer ale Lëtzebuerger Tennis-Profi spillt en Dënschdeg déi éischte Kéier a senger Karriär bei engem Grand Slam. Déi aktuell Nummer 172 an der Weltranglëscht kritt et am éischten Tour vun der Qualifikatioun zu Roland Garros mam Lokalmatador Ugo Blanchet ze dinn. De Fransous ass d'Nummer 193 am ATP-Ranking.
 
Am *RTL-Interview huet de Chris Rodesch am Virfeld vu senger Partie erzielt, datt hie sech ganz gutt fillt fir den zweete Grand Slam Tournoi vun der Saison. Hien ass och extreem frou, datt hien no 9 Méint, nodeems hien decidéiert huet Profi ze ginn, elo scho bei engem vun deene gréissten Tournoien op der Welt dobäi ka sinn. D'Preparatioun ass gutt verlaf, mat enger Halleffinall d‘lescht Woch an Tunesien. Dobäi kënnt och nach, datt de Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller och scho fir Wimbledon an d‘US Open qualifizéiert ass.
 
D‘Partie tëscht dem Rodesch an dem Blanchet ass viraussiichtlech géint 12.40 Auer um Terrain 12. Bis elo hunn déi zwee nach ni géintenee gespillt.

*Den Interview gouf e Méindeg den Owend opgeholl.