Ee Gol vum Fine Bop an der 59. Minutt huet am Barragematch den Ënnerscheed gemaach.

En Donneschdeg den Owend stoung am nationale Futtball bei den Hären ee weidere Barragematch um Programm. Viru ronn 2500 Spectateuren zu Käerjeng ka sech den FC Atert Biissen um Enn mat 1:0 géint Beetebuerg duerchsetzen a spillt domadder déi nächst Saison an der BGL Ligue.

Virdrun hat sech Clierf mat engem 1:0-Succès géint Reisduerf den Opstig an déi zweet Divisioun geséchert.

Um Dribbel zu Käerjeng waren déi Biissener an den éischte Minutten déi besser Ekipp um Terrain. Si hu sech direkt no vir ausgeriicht, sou datt et fréi zu den éischte Chancë komm war. No knapp 20 Minutten waren dann awer och déi Beetebuerger e puer Mol geféierlech virun de géigneresche Gol komm. Eng ausgeglachen an animéiert éischt Hallschent ass sou no 45 Minutten ouni Goler op en Enn gaangen.

Nom Säitewiessel war d'Partie genau sou weider gelaf wéi och virdrun. Den Ënnerscheed huet dann awer de Fine Bop gemaach, deen an der 59. Minutt no enger Flank vum Dan Da Mota op 1:0 fir Biissen stelle konnt. An der Schlussphas hat Beetebuerg da fir de gréissten Deel de Ball an den eegene Reien, ma duerch eng konzentréiert defensiv Leeschtung vu Biissen konnte si déi knapp Féierung iwwert d'Zäit bréngen an um Enn den Opstig feieren.

De Resumé vum Barragematch tëscht Beetebuerg a Biissen / Serge Olmo