Am éischte Barragematch bei den Häre konnt sech en Donneschdeg Clierf duerchsetzen.

Mat 1:0 behaapte si sech géint Reisduerf a steigen domadder an déi zweet Divisioun op, wougéint Reisduerf elo an der drëtter Divisioun untriede muss.

US Reisduerf 47 - FC Claravallis Clierf 0:1
0:1 Krieg (82')

De Match zu Ierpeldeng tëscht Reisduerf a Clierf gouf mat fënnef Minutte Verspéidung ugepaff. Dëst well nach en Netz vum Gol gefléckt huet misse ginn. Duerno war de Match awer direkt voll lancéiert an déi ronn 900 Leit kruten eppes gebueden: Mat der éischter Chance louch de Ball nämlech am Gol, mä déi Clierfer hunn net laang feieren dierfen. Dëst well den Arbitter op Feeler vum Cadete op de Reisduerfer Golkipp Gonçalves entscheet hat. Mä och am weidere Verlaf kruten d'Spectateuren eng sëlleg Golchancen ze gesinn, och wann dës net ëmmer fir vill Gefor gesuergt hunn. Esou war et op Reisduerfer Säit virun allem de Pereira de Carvalho, deen eng sëlleg Schëss a Richtung Golkipp lassgelooss huet, wougéint op Clierfer Säiten de Wolf dacks de Reisduerfer Golkipp op d'Prouf gestallt huet. Déi beschte Chance an der éischter Hallschent ass dobäi awer op de Kont vun de Reisduerfer gaangen. No enger schéiner a séier ausgespillter Kombinatioun tëscht dem Pereira de Carvalho an dem Pereira Ribeiro ass den Éischtgenannten elengstoend zum Ofschloss komm, mä dësen huet de Ball verzunn an en iwwert de Gol an den zweete Stack gesat. Mat engem 0:0 goufe béid Ekippen deemno op den Téi geschéckt.

No der Paus ass Clierf mat voller Vitess aus der Paus komm. Iwwert déi lénks Säit huet sech de Wolf duerchgesat, ass an de Strofraum eragezunn an huet de Ball a Richtung Gol gezierkelt. Säi schéine Schoss huet de Gol allerdéngs ëm Zentimeter verfeelt, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. Schued fir Clierf, de Reisduerfer Golkipp wier ouni Chance gewiescht. Déi nächst gutt Occasioun gouf et dunn awer réischt an der 60. Minutt ze gesinn. De Wolf gouf mat engem héije Ball an d'Lach geschéckt a war am 1-géint-1 mam Reisduerfer Golkipp. Säi placéierte Schoss an de laangen Eck konnt de Golkipp awer rausfësche souwéi an de Corner deviéieren. Vu Reisduerf war dogéint eng laang Zäit näischt ze gesinn, mä dunn hat op eemol de Pereira Baptista den 1:0 fir seng Faarwen um Kapp leien, ma dësen huet mat sengem Kappball an der 66. Minutt de Gol aus kierzter Distanz verfeelt.

Duerno ass eng laang Zäit näischt méi geschitt, mä den Engel huet de Match dunn ongewollt an der 79. Minutt nach eng Kéier spannend gemaach. Dëst well de Reisduerfer Defenseur no engem Feeler eng Giel/Rout-Kaart gesinn huet. Dëst ass de Reisduerfer an der 82. Minutt deier ze stoe komm. De Pereira huet sech dunn en Häerz gefaasst, ass a Richtung Reisduerfer Gol marschéiert an huet op de Krieg ofgeluecht. Dësen huet aus der Distanz ofgezunn an de Ball wonnerschéin an de Wénkel gesat. Deemno war Clierf mat 1:0 a Féierung an et war net méi laang ze spillen. Reisduerf konnt sech vum Réckschlag net méi erhuelen an och net méi geféierlech virum géigneresche Gol opdauchen, soudatt si sech no 90 Minutte mat 0:1 geschloe musse ginn an domadder ofsteigen. Fir Clierf geet dogéint eng Liga erop.