Giovanni Mpetshi Perricard huet mat 246 Kilometer an der Stonn zerwéiert

© ADRIAN DENNIS / AFP
Allerdéngs hat dem Fransous säin Zerwiss kee Succès. Den Amerikaner Taylor Fritz konnt de Ball zeréck spillen a sech de Punkt sécheren.
Mat 153 Meile pro Stonn, also ëmgerechent 246 km/h, huet de Fransous Giovanni Mpetshi Perricard e Méindeg an der éischter Ronn um Grand-Slam-Tournoi zu Wimbledon géint den Taylor Fritz zerwéiert. Um Enn konnt awer den Amerikaner de Punkt fir sech entscheeden. Beim Stand vun 2:2 an de Sätz gouf d'Partie e Méindeg ënnerbrach. En Dënschdeg konnt sech den Taylor Fritz du schlussendlech 6:7, 6:7, 6:4, 7:6 a 6:4 duerchsetzen.
Bis ewell hat den Taylor Dent de Rekord fir de séiersten Opschlag zum Wimbledon. 2010 hat dem Amerikaner säin Zerwiss an der zweeter Ronn géint den Novak Djokovic eng Vitess vun 238 km/h.