An der Géigend vun Nürnberg gouf et um gréissten Triathlon vun der Welt weltmeeschterlech Victoiren.

Méi wéi 5.000 Participanten hate sech ugemellt a goufen op déi klassesch Triathlon-Streck geschéckt, déi aus 3,8 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an 42,2 Kilometer Lafe besteet. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Event duerfte beim Schwamme keng sougenannte Wetsuits gedroe ginn, well d'Waasser mat 25,3°C am Main-Donau-Kanal dofir ze waarm war.

Den Ironman-Weltmeeschter vun 2023 Sam Laidlow war bei de Männer an 7h29m25sec dee Séiersten an deen éischte Fransous, deen den Challenge Roth gewanne kann. Bei de Frae konnt déi däitsch Ironman-Weltmeeschterin Laura Philipp gewannen. Hir Zäit: 8h18min18sec.

Am fränkesche Roth um Depart waren och 7 Lëtzebuerger Athleten. Dee Séierste war den Eric Gonderinger vum Team Snooze X3M. Hie klasséiert sech als 156. mat enger Zäit vun 9h05min41sec.