An der Halleffinall ass d'Lëtzebuerger Leeferin eng gutt Zäit gelaf an huet sech als enge vun den zäitschnellste Leeferinne fir d'Finall qualifizéiert.

D'Fanny Arendt huet sech iwwer 800 Meter fir d'Finall vun der Universiad qualifizéiert. An der 2. vun 3 Halleffinallen ass d'Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 2 Minutten 2 Sekonnen an 10 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf. An hirem Laf ass d'Arendt op déi 3. Plaz komm. D'Lëtzebuerger Athletin war eng vun den zwee Zäitschnellste vun den 3 Halleffinallen an huet sech esou fir d'Finall qualifizéiert. D'Finall gëtt Donneschdeg den Owend um 20h58 gelaf.

Op de FISU Games am Rhein-Ruhr-Gebitt gëtt jo wärend 11 Deeg an 19 verschiddenen Disziplinnen ëm d'Medaile gekämpft. Nieft dem Fanny Arendt si mam Mathis Espagnet, Ruben Querinjean, Gil Weicherding, Finn Kemp, Céleste Mordenti an Anna Zens nach 6 weider Lëtzebuerger Athleten am Asaz.