Internationale Meeting zu Schëffleng
Victoria Rausch mat neiem nationale Rekord iwwer 100m Hecken
Fir d'Lëtzebuergerin ass d'Auer no 13,09 Sekonne stoe bliwwen.
Beim internationale Liichtathletik-Meeting zu Schëffleng ass d'Victoria Rausch e Samschdeg den Owend an der B-Finall iwwer 100 Meter Hecken en neien nationale Rekord gelaf. Als Drëtt hannert der Polin Klaudia Wojtunik (12,88 Sekonnen) an der Schwäizerin Jil Sanchez (13,01 Sekonnen) ass si eng Zäit vun 13,09 Sekonne gelaf. Den ale Rekord vun der Celtic-Athletin louch bei 13,23 Sekonnen.
Am meeschte gelies