Vum 11. Juli bis den 3. August fannen zu Singapur d'Schwamm-Weltmeeschterschafte statt. E Sonndeg war den éischten Dag fir d'Lëtzebuerger am Halebaseng.

De Julien Henx war als éischte Lëtzebuerger e Sonndeg am Asaz. Den 30 Joer ale Schwëmmer vun de Luxembourg Sharks koum iwwer 50 Meter Papillon am siwente Virlaf mat enger Zäit vu 24,12 Sekonnen op déi véiert Plaz. Dat goung awer net duer, fir sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren. Hie koum ënner 97 Schwëmmer op déi 42. Plaz.

De Joao Carneiro war iwwer 100 Meter Brasse ënnerwee a gouf a sengem Virlaf dee Leschten, dat an enger Zäit vun 1:02,38. Den 21 Joer ale Schwëmmer gëtt um Enn de 44 ënner 72 Participanten.

Zum Ofschloss vum Dag stoungen nach d'4x100-Meter-Crawl-Staffel um Programm. Do hunn de Ralph Daleiden Ciuferri, de Rémi Fabiani, de Joao Carneiro an de Julien Henx d'Lëtzebuerger Faarwe vertrueden. Si koumen an hirem Virlaf mat iwwer 10 Sekonne Réckstand op de Gewënner USA un an haten e Chrono vun 3:21,39. Dat war ënner den 20 Natiounen déi luest Zäit.

Trotz dëser Placéierung ka sech de Ralph Daleiden Ciufferi iwwer en neien nationale Rekord freeën. Den 22 Joer ale Schwëmmer war als Éischte vun der Staffel gestart an huet no 48,60 Sekonnen un de Rémi Fabiani iwwerginn.