Éischt Titele si fir Gil Weicherding, Liz Weiler an David Friederich

© Fernand Schmitz (Archiv)
E Freideg den Owend war den Optakt vum nationale Liichtathletik-Championnat.
Dräi Titele sinn e Freideg den Owend um éischten Dag vum nationale Liichtathletik-Championnat verdeelt ginn.
Iwwer 400 Meter Hecken huet sech den David Friederich an enger Zäit vun 52,71 Sekonnen den Titel geséchert. D'Plazen 2 an 3 ware fir den Théophile Decoster an 56,36 Sekonnen an den Andrea Rossi an 58,13 Sekonnen.
Iwwer 3.000 Meter Steeple huet sech de Gil Weicherding duerchgesat. Hien ass eng Zäit vun 8 Minutten, 50 Sekonnen an 82 Honnertstel gelaf. Déi zweet Plaz war fir säi Brudder de Charel Weicherding an enger Zäit vun 9 Minutten, 11 Sekonnen a 25 Honnertstel. An de Luc Scheller huet de Podium mat engem Chrono vun 10 Minutten, 57 Sekonnen a 54 Honnertstel komplettéiert.
Den aktuell beschte Lëtzebuerger iwwer 3.000 Meter Steeple Ruben Querinjean war net um Depart. Hie start beim Championnat iwwer 1500 Meter.
Bei den Dammen ass den Titel iwwer 3.000 Meter Steeple un d'Liz Weiler gaangen, dat an enger Zäit vun 11 Minutten, 19 Sekonnen an 31 Honnertstel. Déi zweet Plaz war fir d'Jennifer Chaussy a 15 Minutten, 26 Sekonnen an 62 Honnertstel. Et waren nëmmen zwou Dammen um Depart.