Am nationalen Atleethikzenter um Zens hunn och d'Patrizia van der Weken, d'Fanny Arendt an d'Vera Bertemes hir Form ënner Beweis gestallt.

Vum 1. bis den 3. August ginn déi national Meeschterschaften an der Liichtathleetik am Stadion vum INS ofgehalen. D'Lëtzebuerger Toppathleete Patrizia van der Weken, Charel Grethen, Ruben Querinjean, Vera Bertemes a Fanny Arendt waren e Samschdeg am Asaz. E grousse Schluet géint 17 Auer huet dozou bäigedroen, dass d'Zäiten duerch den naasse Buedem net méi sou séier waren.

D'van der Weken, déi scho fir d'Weltmeeschterschaft zu Tokio qualifizéiert ass, huet hiren Titel iwwer 100 Meter verdeedegt. Si gewënnt an 11,38 Sekonne virun der Camille Gaeng (12,25) an der Sophia Schaack (12,54). D'Anais Bauer koum mat enger Zäit vun 12,63 op Plaz 4. D'van der Weken ass bei hire Leef kee Risiko agaangen, well si sech an der Woch net sou gutt gespiert hat.

RTL

© Bern Thill

De Charel Grethen brauch nach Punkten, fir sech iwwer de Ranking fir d'Weltmeeschterschaft am September ze qualifizéieren. Hie gewënnt iwwer 1500 Meter virum Ruben Querinjean an dem Ben Schmit, mee seng Zäit war net duergaangen an hie war och e bëssen enttäuscht doriwwer. Obwuel de Querinjean fir säi Coequipier vum CSL den Hues gespillt huet, koum just eng Zäit vun 3:41,79 eraus. De Grethen leeft d'nächst Woch nach a Polen, mee et dierft ganz knapp gi fir d'Weltmeeschterschaft.

D'Fanny Arendt, déi bei der Universiad an Däitschland virun e puer Wochen déi Véiert iwwer 400 Meter gouf, huet och um Zens ofgeliwwert. D'Fola-Athleetin huet d'Disziplin a 54,26 Sekonne virun der Elise Romero an der Julia Ciccone gewonnen. Fir d'Romero war et eng perséinlech Beschtzäit.

RTL

© Bern Thill

Iwwer 1500 Meter war nees kee Kraut géint d'Vera Bertemes gewuess. D'Leeferin vum Celtic Dikrech gewënnt a 4:15,18 Minutte kloer virun der Fanny Goy (4:40,00) an der Chloé Schmidt (4:45, 08). Si huet d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft duerch hir gutt Placéierung am Ranking sou gutt wéi sécher an huet dohier net op de Chrono oppasse mussen.

Des Weideren hu sech bei den Hären den David Friederich (49,11 Sekonnen) iwwer 400 Meter an de Luc Dostert (11,08 Sekonnen) iwwer 100 Meter duerchgesat. Fir de Friederich war et eng perséinlech Beschtzäit.

Charel Grethen muss ëm WM zidderen
Am nationalen Atleethikzenter um Zens hunn och d'Patrizia van der Weken, d'Fanny Arendt an d'Vera Bertemes hir Form ënner Beweis gestallt.

An den techneschen Disziplinnen hu sech de Sven Forster zwee Titele geséchert. Den Athleet vum CSL gouf mat 15,09 Meter Champion am Bommstoussen a mat 49,31 Meter am Diskuswerfen éischte Lëtzebuerger. Des Wäite waren och déi bescht Leeschtunge vum Forster an dëser Saison. Am Bommstousse war den Otoniel Costa Badjana aus Portugal awer besser (15,64 m) a gouf Champion de la FLA.

Bei den Damme gouf am Diskuswerfen eng Victoire vun der Stéphanie Krumlovsky mat 45,24 Meter, virun der Nadine Kremer mat 38,87 Meter an der Däitscher Lilly Gerhard (38,50 m). Am Bommstousse gouf d'Däitsch Katharina Schiele mat 13,34 Meter Championne de la FLA, d'Nadine Kremer war mat 11,12 Meter bescht Lëtzebuergerin a gouf national Championne virun der Noémie Pleimling (11,08 m).