Virun zwee Méint, um renomméierte Liichtathletik-Meeting zu Rehlingen, huet dem Ruben Querinjean seng exzellent Saison mat enger Victoire ugefaangen.

Kuerz duerno huet den 23 Joer ale Mann mat der belscher a Lëtzebuergescher Nationalitéit säin eegene Landesrekord iwwert 3.000 Meter Steeple gebrach an huet sech domadder um direkte Wee fir d’Weltmeeschterschaft qualifizéiert. Op der Studenteweltmeeschterschaft gouf de Ruben Querinjean dunn am enke Favorittekrees gehandelt. Eng Goldmedail an de Meetingsrekord huet de Ruben Querinjean vu Bochum mat op Malmédy geholl.

Net méi spéit wéi leschte Sonndeg huet de Kinesitherapiesstudent den hëllefsbereeten Aspekt vu sengem Charakter gewisen, wéi hie sech an den Déngscht vum Charel Grethen als Pacemaker op den 1.500 Meter gestallt huet, fir him zu enger eventueller Qualifikatioun fir d’WM ze hëllefen. Elo sinn dem Ruben Querinjean seng Aen op d’Weltmeeschterschaft zu Tokio gericht.

"De Schnurri ass mäi Glécksbrénger", seet de Ruben Querinjean. Dee soll op d'mannst nach bis no der Weltmeeschterschaft viru wuessen.