E Freideg den Owend ware mam Patrizia van der Weken an dem Ruben Querinjean zwee Lëtzebuerger bei der zweetleschter Manche vun der Diamond League am Asaz.

Ruben Querinjean iwwer 3000m Steeple

Fir de Ruben Querinjean war et déi éischt Participatioun bei enger Manche vun der Diamond League. Enn Juli hat hie Gold op der Universiad gewonnen. Säi Lëtzebuerger Rekord louch virun dëser Course an der Diamond League bei 8:14.33, aus dem Juni 2025.

Am Ufank vun der Course huet e sech am hënneschten Deel vum Feld opgehalen. An der zweetleschter Ronn huet en sech awer no vir geschafft a konnt an der leschter Ronn souguer op Plaz 3 no vir lafen. An der leschter Kéier huet en dunn alles op eng Kaart gesat...koum bis op Plaz 2 no vir, an am Schlusssprint kann hie sech sensationell nach déi éischt Plaz erkämpfen, dat an enger Zäit vun 8min09:47Dat ass neie Lëtzebuerger Rekord, bal 5 Sekonne méi séier wéi seng Beschtzäit bis dohinner. Mat deem Resultat konnt kee rechnen.

RTL

© JOHN THYS / AFP

D'Course war am allgemengen immens séier, well ausser dem neie Lëtzebuerger Rekord, sinn nach 5 aner Athleten eng perséinlech Beschtleeschtung gelaf. 
Plaz 2 geet un de Getnet Wale aus Ethiopien, virum Isaac Updike aus den USA.

De Ruben Querinjean am RTL-Interview, direkt no der Course
De Start ass net sou gelaf wéi erhofft, ma um Enn huet den Adrenalin hien no vir gepushed, fir seng éischt Victoire an der Diamond League.

De Ruben Querinjean ass deen zweete Lëtzebuerger, deen eng Course bei der Diamond League gewanne kann. Bis ewell war dat just dem Patrizia van der Weken gelongen.

Patrizia van der Weken iwwer 100m

Nëmme puer Minutten nom Ruben Querinjean war mam Patrizia van der Weken nees e Lëtzebuerger Athlet gefuerdert. 
Aus dem Couloir mat der Nummer 8 ass d'Lëtzebuergerin Patrizia van der Weken an d'Course iwwer 100 Meter gaangen. Et war eng immens séier Course, mat enger Gewënnerin Jefferson-Wooden, déi an 10,76 Sekonne gewonnen huet. D'Patrizia van der Weken kënnt mat enger Zäit vun 11,25 Sekonnen op Plaz 8, woumat se net un hir Beschtzäit vun 11,05 Sekonnen aus dëser Saison uknäppe konnt. Hire Rekord vun 11,00 Sekonne bleift deemno och weiderhi bestoen.

Diamond League zu Bréissel - Van der Weken op Plaz 8 iwwer 100m
D'Lëtzebuergerin leeft eng Zäit vun 11,25 Sekonnen a bleift 25 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord.

Am RTL-Interview huet d'Patrizia van der Weken eis direkt no der Course verroden, dass se keng gutt Virbereedung hat. Si huet mat ganz vill Péng ze kämpfen, wat et hir net erméiglecht huet richteg ze trainéieren. Et géif awer lues a lues besser goen.

D'Patrizia van der Weken am RTL-Interview, direkt no der Course
D'Lëtzebuergerin hat keng gutt Virbereedung op d'Diamond League, well et ëmmer nees mat vill Peng ze kämpfen hat.