D'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp start Ufank September an d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko.

En Donneschdeg de Moien huet den neie Futtball-Nationaltrainer Jeff Strasser seng éischt Selektioun vun de roude Léiwe bekannt ginn an dat fir d'WM-Qualifikatiounspartië géint d'Nordirland (4. September) an d'Slowakei (7. September).

Eent vun de Gesiichter, dat an de leschte Wochen duerch seng Leeschtunge vu sech schwätze gedoen huet, feelt am Kader vum Jeff Strasser. Et ass dat vum Brian Madjo vum FC Metz. "De Brian Madjo huet d'Selektioun verweigert", sou de Pressespriecher vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun Marc Diederich op der Pressekonferenz.

Dat 16 Joer aalt Talent huet bis ewell dräi Mol fir d'A-Nationalekipp gespillt. Mat sengem véierten Asaz kéint de Stiermer vum Veräin aus der Ligue 1 net méi fir een anert Land spillen. Et hätt een d'Gefill, de Spiller géing hei massiv vu sengem Entourage beaflosst ginn, sou nach den Diederich.

En Donneschdeg am Nomëtteg soll et en Treffen tëscht de Responsabele vun der FLF an der Säit vum Madjo ginn. Duerch seng duebel Nationalitéit ass hien och fir déi englesch Nationalekipp selektionabel an theoretesch kéint hien och fir Kamerun spillen (do misst hien awer dann déi englesch Nationalitéit nach ofginn an déi kamerunesch unhuelen). Well hien awer schonns fir Lëtzebuerg gespillt huet, däerf hien an den nächsten dräi Joer fir keen anert Land spillen.

Den Anthony Moris ass dogéint weider Deel vun de roude Léiwen. D'Nummer 1 am Lëtzebuerger Gol hat rezent jo mam Gedanke gespillt, fir sech aus der Nationalekipp zeréckzezéien. De Jeff Strasser konnt hien iwwerzeegen, fir weiderzemaachen.

Da ginn et och zwee Retouren. Nees mat dobäi sinn den Olivier Thill an den Edvin Muratovic. Si waren déi lescht Matcher net vum fréieren Nationaltrainer Luc Holtz selektionéiert ginn.

De Sebastien an de Vincent Thill feele wéinst Blessuren.

D'Resultater, d'Tabellen an d'Statistike vun der WM-Qualifikatioun fannt Dir elo och op RTL.lu.

RTL

D'Pressekonferenz mam Jeff Strasser am Replay:

Den Iwwerbléck vun de Matcher vun de roude Léiwen

4. September: Lëtzebuerg - Nordirland (20h45)
7. September: Lëtzebuerg - Slowakei (20h45)

10. Oktober: Däitschland - Lëtzebuerg (20h45)
13. Oktober: Slowakei - Lëtzebuerg (20h45)

14. November: Lëtzebuerg - Däitschland (20h45)
17. November: Nordirland - Lëtzebuerg (20h45)