De Vizechampion Bierchem setzt an der nächster Saison op bewäert Personal. Déi aner Ekippen hale sech um Transfertmarché zeréck.

Den 1. Juli huet d'FLH d'national Transferte matgedeelt. Insgesamt 85 Transferte goufe fir d'Saison 2025/26 accordéiert. Dat sinn 29 Stéck méi wéi d'lescht Saison (56) a souguer méi wéi virun zwee Joer (76). Hei sinn awer net nëmmen d'Senioren abegraff, mee och d'Jugendspiller, d'Traineren an d'Arbitteren. Et kënnt deemno zu vill "va et vient".

Wat d'international Transferten ugeet, ass den Dokumenter vun der Generalversammlung 2025 ze enthuelen, dass d'Lëtzebuerger Handballfederatioun an der Saison 2024/25 98 international Transferte getätegt huet; 56 koumen op Lëtzebuerg, 42 haten d’Land verlooss. Fir d’Saison 2025/26 si schonn emol 2 international Transferte sécher: dee vun den Déifferdenger Lucas Meyffret an der Charlène Servant.

Hären

Wéi RTL virun e puer Woche gemellt hat, steet beim Champion Déifferdeng e grousse Changement an d'Haus. En neien Trainer an eng Abberzuel nei Spiller wäerte fir d'Red Boys oplafen, respektiv un der Säitelinn stoen.

De Vizechampion a Coupegewënner HC Bierchem huet an de leschten Deeg de Wiessel vum Valentin Mitev vu Käerjeng an de Réiserbann souwéi eng Hellewull u Vertragsverlängerunge matgedeelt. Sou war op der Facebook-Säit vun de Gréng-Wäissen ze gesinn, dass nieft dem Kapitän Ben Weyer och d'Gebridder Charel a Ben Brittner wéi och de Scott Meyers hir Verträg verlängert hunn. Ausserdeem steet de Kell Meyers d'nächst Saison nees tëscht de Pottoe vu sengem Heemechtsveräin.

Den HB Diddeleng wäert an der nächster Saison wuel e grousst Wuert ëm den Titel matschwätzen, zemools wann ee sech d'Qualitéit an d'Unzuel vun den Transferten ukuckt. An de leschten Deeg huet de Veräin och matgedeelt, dass d'Nowuesstalent Hugo Neuberg bis 2028 an der Forge du Sud spille wäert. Fir d‘nächst Saison bleift just nach ze klären, wien d'Ekipp trainéiere wäert.

Nieft de Red Boys Déifferdeng wäert et zu Esch wuel zum gréissten Ëmbroch kommen. Mam Verloscht vum Tun Biel (Enn vun der Karriär), Ognjen Jokic (Veräinswiessel), Julien Kohn (Enn vun der Karriär), Loris Labonté a Yann Hippert (Wiessel op Diddeleng) muss déi nächst Generatioun nach méi Responsabilitéit schëlleren. Dobäi sollen déi erfuere Spiller Sébastien Edgar a Felix Werdel hëllefen.

De Fënneftplacéierte vun der leschter Saison, den HB Käerjeng, huet sech um Krees mam Alaeddine Kouni vun Diddeleng verstäerkt. Bis op Weideres goufe keng Verstäerkunge fir de jonke Kader annoncéiert.

Op der Säit vum HC Standard ass der Transfertslëscht vun der FLH ze enthuelen, dass den Escher Kenan Hadrovic an de Milasin Trivic vu Käerjeng an d'Haaptstad wiesselen.

Rëmeleng huet sech d'Déngschter vum Leone Santos De Almeida vum Konkurrent Dikrech geséchert a kritt am Gol Verstäerkung mam Jérémy Guerder. De Chev huet nach keen Transfert fir d’^'nächst Saison annoncéiert.

An der Éierepromotioun ass opfälleg, datt den HB Péiteng eng Rëtsch al Gesiichter nees u Land gezunn huet. Nieft de Feldspiller Jordan Campos De Sousa a Pit Bettendorf an dem Kreesleefer Ferenc Gyafras, de Brudder vum kriibserkrankten David Gyafras, wäerten och déi fréier Golkipper Jerome Michels an Enzo Ricciardi nees hir Zelter am Südwesten opschloen, wat en Indiz dofir si kéint, datt déi Schwaarz-Giel den Opstig ustriewen.

Dammen

Och am Dammechampionnat ginn et an der nächster Saison vill Neierungen. De Champion HB Käerjeng muss d’Lach, dat d'Tina Welter hannerléisst, zoumaachen a versicht dat mat de Wiessele vun der Doreen Parisot (Diddeleng), Lara Weibel (Esch) a Julie Simon (Dikrech).

Den HB Diddeleng, wuel och an der nächster Saison de stäerkste Konkurrent fir den HBK ëm d'Titelen, huet an der Persoun vun der Emeline Hoé (Déifferdeng) eng nei Golkippesch fonnt. Donieft kënnt mat der Christelle Sequeira vun Esch nach eng Feldspillerin.

Vill erwaarden däerf ee sech wuel vum HB Museldall. D'Miselerinnen hunn de Wiessel vun der Noémie Hoffmann, der beschter Buteuse an der Saison 2024/25, matgedeelt an erwaarde sech sécher genee sou vill Goler vun hirer neier Spillerin. Donieft gouf bekannt, datt d'Fiona Carrara, déi schonn zënter Mäerz den donkelrouden Trikot iwwersträift, de Veräin och d’nächst Saison mat hirer Erfarung ënnerstëtze soll.

Bei den aneren dräi Ekippen aus dem Dammechampionnat (Déifferdeng, Standard, Esch), deen ab September just nach mat 6 Ekippen an engem neie Modus gespillt wäert ginn, hu just d’Red Boys eng nei Golkippesch annoncéiert. Den neien Escher Coach Laurent Melchior muss sech eng nei Ekipp zesummebastelen, vu dass mat der Lara Weibel, Noémie Hoffmann, Fabienne Thiry a Christelle Sequeira wichteg Stäipe verluer ginn.