Véier Lëtzebuerger bei der WM zu Tokio dobäi

© Screenshot vum FLA-Site
Bei der Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik, déi vum 13. bis den 21. September dauert, si véier Lëtzebuerger Athleten am Asaz.
D'Patrizia van der Weken geet iwwer 100 Meter bei den Dammen un den Depart. Mat enger Zäit vun 11:05 hat d'Sportlerin vum Joer 2024 sech schonn am Mee qualifizéiert. Op deene leschten 2 Meetingen zu Bréissel an Zürech konnt si awer net méi un des Zäiten uknäppen. Zu Tokio geet si géint enorm staark Konkurrenz als Outsider un den Depart.
Fir d'Vera Bertemes-Hoffmann steet d'1.500 Meter-Course um Programm. Als 38. am Ranking vun am Ganze 56 Qualifizéierte gëtt si fir hir reegelméisseg Saison belount. 2025 huet si hir Zäiten iwwer 1.500 an 3.000 Meter verbessert a konnt beim nationale Championnat en neie Rekord iwwer 5.000 Meter opstellen. Ugangs Juli hat si zu Posen a Polen en nationale Rekord iwwer 1.500 Meter realiséiert. (4:05:58)
De Ruben Querinjean hat beim Diamond League Meeting zu Bréissel déi ganz Liichtathletik-Zeen iwwerrascht. Iwwer 3.000 Steeple konnt den 23 Joer jonken Athlet déi ganz Konkurrenz klappen a war an enger Zäit vun 8:09:47 en neie Lëtzebuerger Rekord gelaf. D'Revelatioun vun der Saison war do virdru schonn Uni-Weltmeeschter ginn.
Och de Charel Grethen kënnt iwwer de Ranking mat op d'WM. Den Olympia-Finalist aus dem Joer 2021 hat souwuel 2022 wéi och 2023 bei der WM de Sprong bis an d'Halleffinall iwwer 1.500 Meter gepackt a kann op seng grouss Erfarung zielen.