D'Nummer 1 am WTA-Ranking Aryna Sabalenka trëfft e Samschdeg op d'Nummer 9 Amanda Anisimova.

D'Amerikanerin, déi als Kand vu russeschen Auswanderer zu New York opgewuess ass, hat sech an enger spannender Partie no knapp 3 Stonne Spillzäit mat 6:7, 7:6 a 6:3 géint d'Japanerin Naomi Osaka kënnen duerchsetzen.

No Wimbledon ass et fir d'Anisimova déi zweet Grand-Slam-Finall hannerteneen. Zu London hat si nach kloer 0:6 a 0:6 géint d'Iga Swiatek verluer. Egal wéi et elo zu New York ausgeet, wäert déi 24 Joer al Spillerin 5 Plaze no uewe klammen am WTA-Ranking.

Hir Géignerin ass d'Nummer 1 Aryna Sabalenka, déi géint d'US-Amerikanerin Jessica Pegula och hat iwwer 3 Sätz musse goen. Um Enn konnt d'Belarussin sech mat 4:6, 6:3 a 6:4 behaapten.

D'Finall gëtt e Samschdeg Owend 22 Auer eiser Zäit gespillt. D'Gewënnerin kritt e Scheck iwwer 4,2 Milliounen Euro. Fir déi aner Finalistin sinn et ëmmerhin nach 2,14 Milliounen Euro.