Internationale FuttballAC Mailand profitéiert vun Ausrutscher vu Juventus

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet Leverkusen mat der Victoire zu Freiburg weider 10 Punkten Avance op Bayern München. An der Ligue 1 gëtt et enk fir Metz.
© AFP

Bundesliga

Freiburg - Leverkusen 2:3
0:1 Wirtz (2'), 1:1 Doan (10'), 1:2 Hlozek (40'), 1:3 Schick (53'), 2:3 Keitel (79')

No der fréier Féierung vu Leverkusen konnt Freiburg séier ausgläichen, uschléissend war et eng spannend éischt Hallschent, an där Leverkusen méi vum Match hat. Freiburg huet sech awer net verstoppt an op Konter gelauert. Kuerz virun der Paus konnt d’Werkself hir Iwwerleeënheet notzen an den zweete Gol schéissen. Mam drëtte Gol kuerz no der Paus war de Match fir Leverkusen quasi duerch. De Sportclub koum eréischt spéit zu sengem zweete Gol a konnt de Match net méi dréinen.

Dortmund - Frankfurt 3:1
0:1 Götze (13'), 1:1 Adeyemi (33'), 2:1 Hummels (81'), 3:1 Can (90'+3, Eelefmeter)

Dortmund steet nees viru Leipzig op der begierter véierter Tabelleplaz. De BVB war gutt an de Match komm, de Götze konnt awer no engem Feeler an der Dortmunder Defense den 1:0 schéissen. Dortmund blouf drun a konnt sech mam Ausgläich virun der Paus belounen. Déi zweet Hallschent war Dortmund net méi sou dominant a konnt eréischt an de leschte Minutten de Match zu senge Gonschten dréinen. Et war déi véiert Victoire hannertenee fir déi Schwaarz-Giel.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Am FA Cup huet sech Chelsea4:2 géint Leicester City aus der Championship behaapt a steet domat an der Halleffinall.

De Match tëscht Manchester United a Liverpool gouf eréischt an der Verlängerung decidéiert, no 90 Minutte stoung et 2:2. Liverpool sollt fir d’éischt a Féierung goen, huet sech duerno awer e kapitale Feeler an der Defense geleescht, wouvu Manchester profitéiert huet. An der leschter Spillminutt hunn d’Red Devils nach de 4:3 geschoss a sinn déi véiert Ekipp an der Halleffinall. Domat ass de Liverpooler Dram vu véier Titelen an dëser Saison net méi ze realiséieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - FC Genua 0:0

Verona - AC Mailand 1:3
0:1 Hernandez (44'), 0:2 Pulisic (50'), 1:2 Noslin (64'), 1:3 Chukwueze (79')

Den AC Mailand notzt den Ausrutscher vu Juventus Turin an distanzéiert déi Al Damm an der Tabell. D’Rossoneri waren duerch e Solo vum Theo Hernandez kuerz virun der Paus a Féierung gaangen, haten awer och méi vum Match, well Verona déif verteidegt huet. Mam 2:0 war de Match quasi duerch, mee den Uschloss fir Verona huet et nach eng Kéier spannend gemaach. Well Verona duerno awer net méi geféierlech virun de Mailänner Gol koum, konnt de Chukwueze mat sengem Gol de Match zoumaachen.

AS Roum - Sassuolo 1:0
1:0 Pellegrini (50')

De Rausworf vum José Mourinho schéngt bei Roum nei Kräften auszeléisen. D’Réimer hunn zënter fënnef Matcher net méi verluer, sou och net den enke Match géint Sassuolo. D’AS steet elo mat 51 Punkten op der 5. Plaz an huet nees gutt Chancen op dat internationaalt Geschäft.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Brest - Lille 1:1
0:1 David (67'), 1:1 Satriano (79')

Monaco - Lorient 2:2
0:1 Singo (1', Eegegol), 1:1 Mendy (27', Eegegol), 2:1 Fofana (60'), 2:2 Bakayoko (90'+5)

Monaco ka vum Gläichspill vum Tabellenzweete Brest géint Lille net profitéieren a bleift op der drëtter Tabelleplaz. Markant an dësem Match war, dass et zwee Eegegoler gouf a Lorient mat der leschter Aktioun vum Match nach ee Punkt mat heem hëlt, wat am Ofstigskampf nach wichteg ka ginn.

Reims - Metz 2:1
1:0 Diakité (3'), 1:1 Atta (14'), 2:1 Ito (79')

De Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL infos.

Rennes - Marseille 2:0
1:0 Terrier (21'), 2:0 Bourigeaud (78', Eelefmeter)

Marseille léisst am Kampf ëm déi international Plaze Punkte leien, an dat bei engem direkte Kontrahent. D’Ekipp vun der Côte d’Azur läit elo dräi Punkten hannert dem 6. Lens, wat eng Plaz am internationale Geschäft bedeite géif. Rennes ass punktgläich mat Marseille.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO