ALL GOL AM VIDEO - Champions LeagueAjax blaméiert an eliminéiert Real Madrid, Tottenham souverän

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend stoungen an der Champions League déi éischt zwee Retourmatcher vun den Aachtelsfinallen um Programm.
© AFP

Fir Borussia Dortmund war d’Aufgab, Tottenham awer nach ze eliminéieren, da wuel ee gutt Stéck ze schwéier, well si verléieren och de Retourmatch an hunn domat elo just nach den däitsche Championnat, wou et mat engem Titel klappe kéint. Tottenham steet iwwerdeems méi wéi souverän an der Véierelsfinall vun der Champions League.

Am zweete Match koum et dann zur ganz grousser Iwwerraschung, do war et nämlech d’Aus fir den Titelverdeedeger Real Madrid. Déi Kinneklech hu sech en Dënschdeg den Owend mat 1:4 virum eegene Public misse geschloe gi géint Ajax Amsterdam.

Real-Ajax, Tottenham-Dortmund / Resumé Jeff Kettenmeyer

Borussia Dortmund - Tottenham Hotspur 0:1

Den Tabelleleader aus der Bundesliga huet et den Ament net einfach. An der Bundesliga huet een all säi Virsprong verluer, am DFB-Pokal ass een no Eelefmeterschéissen eliminéiert ginn an och op der internationaler Bühn leeft et net esou, wéi ee sech dat gewënscht huet. Den Allersmatch zu London huet een nämlech mat 0:3 géint Tottenham verluer, deemno huet een en Dënschdeg den Owend schonns e klengt Wonner gebraucht.

De BVB huet dann awer och direkt probéiert, d’Kontroll ze iwwerhuelen. D’Englänner hu sech an der Ufanksphas gréisstendeels zeréckgehalen a sech op d’Defense konzentréiert. Dortmund hat zwar Virdeeler, wat de Ballbesëtz ugeet, ma richteg Zielbares ass an der Ufanksvéierelsstonn net dobäi erauskomm.

Déi éischt gutt Chance gouf et eréischt no knapps 16 Minutten, do war et een héije Ball an de Laf vum Alcacer, ma säi Schoss sollt iwwer de Gol goen.

Dortmund war weider engagéiert am Spill no vir, ma d’Iddien, fir déi kompakt Defense vun den Englänner ze iwwerwannen, hunn nach gefeelt. A wann een dann emol zu engem Ofschloss koum, da war dësen net präzis genuch.

Bis zur 31. Minutt huet et du gedauert, bis Tottenham eng éischte Kéier geféierlech virun de Gol vun de Borusse komm ass. Do war et de Son, deen eleng op de Gol gelaf ass, mä säi Schoss sollt knapps laanscht de Potto goen.

Kuerz drop dunn déi bescht Chance vum BVB: de Mario Götze koum do am Strofraum fräi zum Schoss, ma de Lloris am Gol vun Tottenham huet eng ganz flott Parad gewisen.

De Match ass elo ëmmer besser ginn an et war och méi Feier dran, dat virun allem, well de BVB elo ëmmer méi geféierlech ginn ass an Tottenham elo och matspille wollten. Bis zur Paus ass awer näischt geschitt an esou goung et mam 0:0 an d’Kabinnen.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der 1. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

Nëmme kuerz nom Säitewiessel dunn de ganz grousse Schock fir Dortmund. De Sissoko huet den Harry Kane an d’Déift geschéckt an dee stoung ganz eleng virum Bürki an huet de Ball äiskal erageschoss an esou huet Dortmund elo 5 Goler gebraucht, fir weiderzekommen.

VIDEO: Den 1:0 fir Tottenham duerch den Harry Kane
Den engleschen Nationalspiller stoung eleng virum Gol a konnt de Ball ganz gekonnt eraschéissen.

Nom Géigegol huet Dortmund am Spill no vir weider Villes probéiert, ma wéineg sollt weider geléngen. Natierlech war de Wëllen och elo liicht gebrach. Weider muss een awer och betounen, dass d’Defense vun Tottenham weider richteg gutt stoung, deemno war och net vill Duerchkomme méiglech.

Bis zum Schluss ass net méi vill geschitt an domat ass d’Aventure Champions League eriwwer fir Borussia Dortmund a fir Tottenham geet et weider an de Véierelsfinallen.

Déi bescht Aktiounen aus der 2. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

Real Madrid - Ajax Amsterdam 1:4

De Resumé vum Match Real Madrid géint Ajax Amsterdam
Ajax Amsterdam blaméiert déi Kinneklech am Santiago Bernabeu. Ajax wënnt nämlech mat 4:1 zu Madrid an eliminéiert domat den Titelverdeedeger.

Den Titelverdeedeger vu Madrid huet zwar an der spuenescher Coupe an am Championnat zwou batter Néierlage géint de Rival FC Barcelona missen astiechen, ma an der Champions League konnt ee sech am Allersmatch zu Amsterdam eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch am Santiago Bernabeu verschafen. Zu Amsterdam konnt ee sech nämlech mat 2:1 behaapten an domat haten déi Kinneklech et doheem selwer an der Hand, fir den nächsten Tour ze erreechen.

A Real Madrid ass dann och direkt mat Vollgas an dëse Match gestart. Si hu ganz héich verdeedegt an hu fréi Drock no vir gemaach an no 4 Minutte ware si schonns bal a Féierung gaangen. De Vazquez war op der rietser Säit lancéiert ginn an deen hat eng wonnerbar Flank op den zweete Potto geschloen, wou de Varane mam Kapp un de Ball koum. De Kappball vum franséischen Nationalspiller sollt awer just op d’Lat goen.

3 Minutte méi spéit dunn déi kal Dusch fir d’Ekipp aus Spuenien. No engem onnéidege Ballverloscht vum Kroos, ass den Tadic Richtung Courtois gelaf an huet dunn am Strofraum de Ball opgeluecht fir den Ziyech, deen de Ball aus knapp 10 an den Eck schéisse konnt.

Nom Géigegol hunn d’Madrilene probéiert, nees e bësse méi Rou an de Match ze kréien, well d’Ekipp vun Ajax huet fir ganz vill Onrou gesuergt. Ewéi een du gemengt huet, dëst wier de Kinnekleche gegléckt, dunn hunn d’Hollänner an der 18. Minutt nees zougeschloen. Den Tadic huet mat engem wonnerbaren Trick direkt e puer Spiller vu Madrid stoegelooss an huet den Neres an d’Déift geschéckt, dee virum Courtois äiskal bliwwen ass an de Ball iwwer d’Hänn vum Belsch an de Gol geschoss huet. Et war dem Brasilianer säin alleréischte Gol an der Champions League. Duerch dës Virlag vum Tadic war hien zu deem Zäitpunkt un 9 Goler an 8 Matcher bedeelegt.

An an der 22. Minutt war et dunn esouguer bal den 3:0 fir Amsterdam. Déi Kéier war et eng Konterattack, wou den Ziyech den Neres erëm op de Wee geschéckt hat, ma déi Kéier sollt säi Schoss nieft de Gol goen.

1 Minutt méi spéit dunn emol nees eng Reaktioun vun den Haushären. Et war ee stramme Schoss vum Vazquez, deen den Onana awer an de Corner deviéiere konnt.

D’Offensiv-Maschinerie vun de Gäscht ass awer weider op Héichtoure gelaf, een héije Ball iwwer d’Defense lant beim Tadic, dee per Volley ofschléisst, ma de Courtois krut seng Been esou just nach zesummen.

An der 31. Minutt war et eng weider Geleeënheet fir Real: no engem Fräistouss vun Ajax konnten d’Haushären de Ball recuperéieren an hunn de Vinicius an d’Déift geschéckt, d’Lafduell sollt hie gewannen, säi Schoss goung awer just un d’Baussennetz.

Et ass einfach net richteg gelaf bei Real, well tëscht der 29. an der 35. Minutt hu si dunn och nach zweemol misse wiesselen, well sech fir d’éischt de Lucas Vazquez an dono de Vinicius blesséiert hunn. Fir si sinn de Bale an den Asensio op den Terrain komm.

A Madrid sollt weider Pech hunn, den agewiesselte Bale huet sech op der lénkser Säit ganz gutt duerchgesat géint de Mazraoui, ma och dem Waliser säi Schoss sollt just widder de Potto goen. Dat war dann och déi leschte Chance vun der 1. Hallschent.

© AFP

Den Trainer vu Madrid huet seng Jongen an der Paus wuel drun erënnert, dass ee mat deem dote Resultat eliminéiert wier, well direkt zum Ufank vun der zweeter Hallschent hunn déi Kinneklech nees vill méi aggressiv a frësch gewierkt an haten och séier eng ganz gutt Chance duerch den Asensio. Säi Schoss soll allerdéngs knapps laanscht de Potto goen.

Ma och d’Ekipp aus der hollännescher Haaptstad war nach ëmmer do an déi wollten de groussen Exploit perfekt maachen, dat mat Hëllef vun hirer staarker Offensiv.

An der 58. Minutt dunn nach eng riseg Chance fir d’Madrilenen: de Benzema gouf op der Säit ugespillt, hien ass eragezunn, huet den Ziyech stoegelooss a stoung eleng virum Onana, mä op en Neits war de Schoss net cadréiert.

Et sollt awer nëmmen nach méi schlëmm gi fir Real Madrid, well an der 62. Minutt huet den Tadic seng Leeschtung nach mat engem wonnerschéine Gol aus knapp 14 Meter gekréint an esou op 3:0 gestallt. Laang gouf diskutéiert, ob de Ball villäicht bei enger Aktioun méi fréi am Aus war, ma och mam Video-Assistent war ee sech do net sou sécher, schlussendlech huet de Gol dunn awer gezielt.

An der 70. Minutt dunn nach eemol e bëssen Hoffnung fir d’Fans vu Real Madrid. De Reguilon hat sech op der Säit gutt behaapt an huet de Ball wonnerbar an d’Mëtt bruecht op den Asensio, deen op 1:3 verkierze konnt.

D’Hoffnung bei de Kinnekleche war awer net vu laanger Dauer, well de Lasse Schöne huet nëmmen 2 Minutte méi spéit mat engem herrleche Fräistouss genau an d’Häerz vun de Madrilene getraff an esou op 4:1 erhéicht.

An der Schlussphas ass net méi ganz vill geschitt, bis op eng rout Kaart fir den Nacho an domat ass et eng iwwerraschend awer héich verdéngte 4:1 Victoire fir Ajax Amsterdam, déi domat eng ganz schwaach Ekipp vu Madrid aus der Champions League erausgeheien.

Back to Top
CIM LOGO