
De fréiere FIFA-Arbitter, deen a senger Karriär 34 Matcher an der Champions-League-Gruppephas respektiv an den Eliminatoire gepaff huet, wëll seng ganz Erfarung, wat den Arbitrage ugeet, am CA vun der FLF mat abréngen:
“Ech mengen d’Leit kenne mech allegueschte scho jorelaang an et war och eng vun den Uleeën, déi ech scho laang wollt maachen, fir en Arbitrage anzegoen. Well ech den Arbitrage jo awer vun A bis Z kennen. Ech mengen et ass mäin Datt. Ech hunn dat mäi ganz Liewe laang gemaach gehat. An ech huelen och un, dass d’Veräiner dat och dee Moment esou opgeholl hunn an dass si mer hiert Vertraue geschenkt hunn. Natierlech fir mech ass et e grousse Gewënn. Et ass den Arbitrage. Ech mengen mir sinn zwee Kolleege vum Arbitrage ugetrueden a mir hunn et allen zwee an am éischten Tour direkt gepackt. Also fir mech ass dat doten awer jo awer en Zeeche vun de Veräin, dass déi Vertrauen an eis hunn.”
Nieft dem Alain Hamer ass mam Alex Krüger nach e weidere fréieren Arbitter an de Verwaltungsrot vun der FLF gewielt ginn.