
Nodeems den Hamburger un der Säit vum Marcelo Melo géint de Lloyd Glasspool an den Harri Heliövaara verluer huet, huet den Zverev senger Roserei fräie Laf gelooss. Net nëmmen huet hien den Arbitter ugejaut, ma hien huet och e puer Mol mat der Rackett widder deem säi Stull geschloen.
Eng Reaktioun, déi batter Follege mat sech bréngt. De 24 Joer ale Sportler dierf net bei der Eenzel-Aachtelsfinall untrieden, fir déi hie sech e puer Stonne virdru qualifizéiert hat. De Gojowczyk koum esou direkt an d’Véierelsfinall. Fir den Zverev ass d’Turnéier eriwwer.
Am Eenzel hat den Zverev en Dënschdeg kuerz viru 5 Auer (Lokalzäit) an enger historescher Nuetsschicht mat 3:6, 7:6 (12:10) géint den Jenson Brooksby gewonnen. Nach ni goung e Match op Tour-Level esou spéit op en Enn.
Iwwregens déi futtis Rackett huet den däitschen Tennisspiller dono engem Fan geschenkt.