BGL Ligue VIDEOAlles ronderëm de Futtball: Statistiken an Ausbléck op d'Réckronn

Tom Hoffmann
De Weekend geet et an der BGL-Ligue weider... Grond genuch fir eis, op e puer Statistiken ze kucken.
D'Réckronn an der BGL Ligue fänkt un
D’Jeunesse geet als Leader an déi zweet Hallschent vun der Saison.

Direkt eng Handvoll Veräiner hunn d’Ambitioun, den Tabelleleader Jeunesse vum aktuellen Troun ze stoussen. No den 13. éischte Spilldeeg stinn déi Schwaarz-Wäiss nämlech an der BGL Ligue e bëssen iwwerraschend op der éischter Plaz. Tëscht dem Éischte Jeunesse an dem 4. Nidderkuer si just 4 Punkten Ecart. Dat kann natierlech séier schmëlzen an op eemol wär d’Jeunesse vum Podium erof.

Am Keller vun der Tabell steet Rëmeleng, déi de Weekend géint d’Jeunesse spillen, mat 8 Punkten um Wupp. Si hunn ee Punkt Réckstand op Hamm a si véier Punkten hanner Hueschtert, déi op der 12 stinn an esou um Enn vun der Saison missten de Barragematch spillen. Rouspert op Plaz 11 wier zwar gerett, ma si sinn punktgläich mat Hueschtert.

RTL.lu: Weider Detailer a Reaktiounen op den Optakt vun der RéckronnMéi Detailer zu der Réckronn ginn et e Freideg den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Meeschten Titelen

© Jeunesse Esch

Op Plaz 1 steet hei, mat engem risege Virsprong, d’Escher Jeunesse. Ganzer 28 Mol konnt d’Ekipp vun der Grenz Lëtzebuerger Champion am Futtball ginn, dat déi éischte Kéier an der Saison 1920-1921 an déi leschte Kéier am Joer 2010.

14 Titele sinn et fir den Fusiounsveräin F91 Diddeleng, déi awer all zanter dem Joer 1999 gesammelt konnte ginn.

Den CA Spora Lëtzebuerg konnt 11 Titele gewannen, 10 sinn et der fir Stade Diddeleng a 7 fir d’Fola vun Esch.

Ëm den éischten Titel gouf an der Saison 1909/1910 gespillt. Hei konnt sech de Racing Club Lëtzebuerg duerchsetzen. Et war och den eenzegen Titel, deen de Veräin virun der Fusioun konnt gewannen.

Unzuel Titelen Veräin(er)
28Jeunesse Esch
14F91 Diddeleng
11CA Spora Lëtzebuerg
10Stade Diddeleng
7CS Fola Esch
6Red Boys Déifferdeng, Union Lëtzebuerg, FC Avenir Beggen
5US Hollerech Bouneweg
3Progrès Nidderkuer, FC Aris Bouneweg
2Sporting Club Lëtzebuerg
1CS Gréiwemaacher, National Schëffleng, Racing Club Lëtzebuerg

Beschte Butteuren zanter der Saison 2008/09

© pressphoto.rtl.lu

An de leschten 10 Joer konnt kee Spiller méi Goler schéissen, wéi den Dave Turpel dat am Joer 2017/18. 33 Mol huet de Stiermer vun Diddeleng de Ball iwwert Linn konnten drécken. D’Plaz 2 geet hei un de Pierre Piskor, dee fir den FCD 03 an der Saison 2008/09 30 Mol konnt markéieren. 2016/17 war et och en Déifferdenger, den Omar Er Rafik hat hei 26 Mol getraff. Déi meeschte Goler an enger Saison huet an der Saison 1956/57 de François “Menn” Muller markéiert. Ganzer 36 Mol huet de Spiller vum CS Gréiwemaacher deemools en eegene Gol konnte feieren.

Goler
ButteurEkippSaison
33Dave TurpelF91 Diddeleng2017/18
30Pierre PiskorFC Déifferdeng 032008/09
26Omar Er RafikFC Déifferdeng 032016/17
25Julien JahierRFCU Lëtzebuerg2015/16
23Omar Er RafikFC Déifferdeng 032011/12
22Daniel HussCS Gréiwemaacher 2009/10
22Sanel Ibrahimovic Jeunesse Esch2013/14
21Edis OsmanovicWolz 712012/13
21Sanel IbrahimovicJeunesse Esch2014/15
18Sanel IbrahimovicWolz 712010/11

Beschte Chance op d’Kroun vum Top-Butteur huet am Moment de Samir Hadji vun der Fola, dee schonn 12 Goler an den éischten 13 Matcher markéiert huet. 10 Mol huet de Marwane Benamra vum US-Munneref getraff, 9 sinn et der fir den Antonio Luisi vun der Jeunesse.

Hierschtmeeschter a Meeschter zanter der Saison 2008/09

© René Scho

No 13 Spilldeeg ass d’Allersronn vun der BGL-Ligue eriwwer. Wien do op der éischter Plaz an der Tabell steet, gëtt als Hierschtmeeschter gefeiert. En Titel, deen engem u sech näischt bréngt. An awer gëtt dacks a gäre gekuckt, wéi déi Ekipp, déi no der Hallschent vun der Saison déi beschten Ausgangspositioun hat, zum Schluss dann ofgeschnidden huet.

Saison Hierschtmeeschter Champion
2017/2018 F91 DiddelengF91 Diddeleng
2016/2017F91 DiddelengF91 Diddeleng
2015/2016F91 DiddelengF91 Diddeleng
2014/2015 CS Fola EschCS Fola Esch
2013/2014CS Fola EschF91 Diddeleng
2012/2013CS Fola EschCS Fola Esch
2011/2012CS GréiwemaacherF91 Diddeleng
2010/2011F91 DiddelengF91 Diddeleng
2009/2010CS GréiwemaacherJeunesse Esch
2008/2009F91 DiddelengF91 Diddeleng

Ëmmerhin goufen an de leschten 10 Joer 70 Prozent vun de Veräiner, déi och Hierschtmeeschter waren, zum Schluss och Lëtzebuerger Champion. Just der Fola ass et 2013/14 net gelongen a Gréiwemaacher huet et direkt 2 Mol, 2011/12 an 2009/10, net fäerdeg bruecht. Esou missten d’Chance vun der Jeunesse, déi aktuell eng Avance vun 2 Punkten op d’Fola an 3 op Diddeleng hunn, reng statistesch dëst Joer guer net esou schlecht stoen.

BGL Ligue op RTL.lu

All Weekend si mir live op den Terrainen dobäi. An eisem Liveticker verpasst Dir keng vun de wichtegsten Zeenen op den Terraine vun der héchster Lëtzebuerger Divisioun. Donieft weise mer Iech op de meeschte Spilldeeg och eng Partie exklusiv am Livestream op RTL.lu.

Date vun: fussball-lux.lu, wikipedia.org, transfermarkt.com

Back to Top
CIM LOGO