Olympesch WanterspillerAm Äishockey geet Gold u Finnland

RTL Lëtzebuerg
An enger spannender Final konnte sech d'Finne mat 2:1 géint Russland duerchsetzen a gewannen domat eng éischte Kéier olympescht Gold.

2 mol ware se scho Weltmeeschter, ma bei Olympia hat et bis elo ni geklappt. Dat huet sech dann elo 2022 zu Peking geännert, an der Final géint den Titelverdeedeger aus Russland. Um Enn stoung et 2:1, no Goler vu Pokka a Bjorninen.

An der “klenger Final” si Schweden an d’Slowakei openee getraff. Hei war et méi eng däitlech Affär. D’Slowakei gewënnt mat 4:0 géint Schweden a séchert sech domat d’Bronzemedail.

Mat der Final am Äishockey ginn dann och d’Olympesch Wanterspiller 2022 op en Enn. All d’Medaile si verginn.

Back to Top
CIM LOGO