
Bei den Dammen ass de Spëtzematch tëscht der Schéiss an der Spora mat 4:4 op en Enn gaangen. Op Säite vun der Schéiss stounge mat Molinaro, Minella, Schaul a Cornélius direkt 4 FLT-Nationalspillerinnen um Terrain, op Säite vun der Spora waren et mat Badde a Weckerle 2 jonk FLT-Spillerinnen. No de Simpele stoung et 2:2, woubäi am direkten Duell vun den FLT-Nationalspillerinnen d’Mandy Minella mat 6:1 a 6:2 géint Marie Weckerle gewanne konnt an d’Eleonora Molinaro mat 6:2 a 6:4 géint d’Liz Badde. An och d’Dubbele goufe gedeelt, sou dass um Enn e 4:4 bei dëser Renconter erauskoum.
Déi weider Resultater:
Arquebusiers – Spora: 4:4
Bouneweg - Péiteng: 1:7
Diddeleng - Houwald: 2:6
Stengefort - Gréiwemaacher: 8:0
Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.
Bei den Häre war et déi erwaarten enk Renconter tëscht dem Champion Schëffleng an dem TC Esch. Woubäi den aktuelle Champion mat 7:5 gewanne konnt. Déi 2. spannend Renconter war d’Ausenanersetzung tëscht dem Houwald an der Cap. Hei gouf et um Enn e 6:6. D’Schéiss mat 12:0 géint Jonglënster an d’Spora mat 11:1 zu Péiteng koumen zu klore Victoiren.
D’Resultater am Iwwerbléck:
Houwald - Cap on Line: 6:6
Arquebusiers – Jonglënster: 12:0
Péiteng – Spora: 1:11
Schëffleng – Esch: 7:5
Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.
All d’Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.
