
De BBC Etzella huet de Kontrakt mam Dammentrainer Amadeo Dias fir déi aner Saison net verlängert. Den Dias war zwou Saisonen zu Ettelbréck.
Den Numm vum neie Responsabel wëll de Veräin eréischt méi spéit matdeelen.
Dofir huet d’Etzella awer ewell annoncéiert, datt d’Lynn Kaufmann vun der Sparta op d’Etzella wiesselt.