Copa del ReyAn der Finall spillt Barcelona géint Valencia

RTL Lëtzebuerg
Am Retourmatch en Donneschdeg den Owend konnt sech den FC Valencia mat 1:0 géint Betis Sevilla behaapten a steet domat an der Finall.
De Goalgetter vu Valencia, de Rodrigo, huet den decisive Gol geschoss.
De Goalgetter vu Valencia, de Rodrigo, huet den decisive Gol geschoss.
© AFP-Archiv

De Gol vum Rodrigo an der 56. Minutt ass Valencia duergaangen, fir sech ze qualifizéieren, well den Allermatch an Andalusien war 2:2 ausgaangen.

E Mëttwoch hat sech jo ewell Barcelona mat engem däitlechen 3:0 zu Madrid géint de Real fir d’Finall vun der spuenescher Copa del Rey qualifizéiert.

Gespillt gëtt d’Finall de 25. Mee.

Back to Top
CIM LOGO