
A villen europäesche Länner stoung e Mëttwoch den Owend Futtball um sportleche Menü.
A Spuenien koum et an der Halleffinall vun der Coupe zum Retourmatch vum Clásico: An der katalanescher Haaptstad hate sech Barcelona a Real Madrid am Allermatch jo 1:1 getrennt, also eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch e Mëttwoch den Owend zu Madrid.
Ma do hunn déi Kinneklech eng béis Iwwerraschung an hirem Santiago-Bernabéu erlieft, well um Enn stoung 3:0 fir den FCB.
De Suarez huet an der 50. Minutt den 1:0 geschoss, an der 69. huet de Varane duerch e Selbstgol onfräiwëlleg op 2:0 fir Barcelona erhéicht a kuerz drop, an der 73. Minutt, huet de Suarez dunn och nach en Eelefmeter verwandelt. Also eng kloer 3:0-Victoire vu Barça beim grousse Rivalen an der spuenescher Haaptstad, dat och, well de Kipper vu Barcelona, den ter Stegen, e puer ganz gutt Paraden hat. Am Total: 4:1 fir d’Katalanen.
Fir dat sechste Joer noenee steet Barcelona elo an der Finall vun der Copa - Rekord!

De Retourmatch vun där anerer Halleffinall gëtt en Donneschdeg den Owend gespillt: Am Aller hate sech Betis Sevilla a Valencia 2:2 getrennt. Elo gëllt et dann de Géigner vu Barcelona an der Finall vun der Copa del Rey ze fannen.
An der spuenescher Liga kënnt et iwwregens e Samschdeg schonn nees zu engem Clásico, op en Neits gëtt dann zu Madrid gespillt. An der Aller-Ronn hat den FCB de Real 5:1 demontéiert ...
An der franséischer Coupe stoungen e Mëttwoch den Owend zwou Véierelsfinallen um Programm: Rennes klappt Orléans mat 2:0 a Lyon wënnt 3:1 géint Caen.
En Dënschdeg schonn hat de PSG Dijon 3:0 geklappt.

Déi lescht Véierelsfinall gëtt eréischt de 6. Mäerz gespillt tëscht Vitré an Nantes.
6 Matcher vum 28. Spilldag stoungen e Mëttwoch an der englescher Premier League op der Affiche an déi grouss Nimm waren all am Asaz. Opfällegst Resultat: Chelsea ka sech doheem 2:0 géint Tottenham duerchsetzen. De Géigner vun Dortmund an der Champions League verléiert lues, awer sécher de Kontakt zu den zwee Veräiner un der Tabellespëtzt, well Liverpool a Manchester City konnten hir Partië gewannen an domat hiren Ecart op den Tabellendrëtten Tottenham ausbauen. Chelsea steet op der 6. Plaz.
Arsenal a Manchester United konnten e Mëttwoch den Owend och gewannen.
D’Resultater am Iwwerbléck:
Arsenal-Bournemouth 5:1
Southampton-Fulham 2:0
Chelsea-Tottenham 2:0
Crystal Palace-Manchester United 1:3
Liverpool-Watford 5:0
Manchester City-West Ham 1:0
PREMIER LEAGUE: Resultater an Tabell.

Dann nach ee Resultat aus der zweeter däitscher Bundesliga: No enger kämpferescher Leeschtung ka sech den 1. FC Köln 1:0 bei Erzgebirge Aue duerchsetzen a steet domat elo nees op der 1. Plaz vun der Tabell - also zanter genee 16 Wochen nees virum HSV. 1 Punkt läit tëscht den zwou Ekippen, Aue steet op der 12. Plaz.
Et war en Nodrosmatch vum 20. Spilldag. Den entscheedende Gol hat de Marco Höger an der 35. geschoss.
