T71Andrea Haris ersetzt Thierry Kremer als Coach

RTL Lëtzebuerg
No der Saison kënnt et bei der Diddelenger Dammenekipp zu engem Changement un der Spëtzt.
E Bild aus der Basket-Finall 2008 ...
E Bild aus der Basket-Finall 2008 ...
© Roland Miny (Archiv)

Fir d’Saison 2019-2020 ass d’Andrea Haris nämlech de Coach vun den Dammen an net méi den Thierry Kremer, dat hunn déi Responsabel vum T71 decidéiert an och esou der Ekipp an dem Coach matgedeelt.

Den Thierry Kremer ass a senger 4. Saison bei den Diddelenger Dammen, seng 1. Etapp als Coach vun enger Dammenekipp, a mat der jéngsten Ekipp an der Total League ass hien och nach an der Course ëm de Championstitel.

Back to Top
CIM LOGO