College BasketAnne Simon: Nei perséinlech Beschtleeschtung

RTL Lëtzebuerg
D'Anne Simon, déi fréier Spillerin vum Gréngewald, huet nees an Amerika getrompt.
© FB Maine Women’s Basketball

Am Match vun der University of Main géint Binghampton huet d’Lëtzebuergerin mat 28 Punkten eng nei perséinlech Beschtleeschtung opgestallt a war donieft och nach Top-Scorer vum Match. Mat 11 Rebounds an dëser Partie huet d’Anne Simon och säi éischten Double-double am “College Basketball” realiséiert.

De Match hunn University of Main allerdéngs mat 63-73 géint Binghampton verluer.

Back to Top
CIM LOGO