Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAnthony Moris an Union Saint-Gilloise aus Conference League eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Ekipp aus der Belsch sollt an der Aachtelsfinall Schluss sinn.
© Photo by IAN STEPHEN / ProSportsImages / DPPI via AFP (Archiv)

An dobäi konnte si de Retourmatch fir sech decidéieren. Nodeem den VAR e Gol vu Fenerbahce Istanbul an der 18. Minutt net gëlle gelooss huet, well eng Abseitssituatioun virlouch, war et an der 68. Minutt de Rasmussen, deen d’Belsch a Féierung bruecht huet. Ma dësen 1:0 sollt der Unioun net duergoen, well d’Partie am Allersmatch doheem hat ee mat 0:3 géint d’Tierke verluer. Esou steet Istanbul an den nächster Ronn vun der Conference League an den Anthony Moris an d’Union Saint-Gilloise musse sech elo nees eleng op déi national Competitioune konzentréieren.

Back to Top
CIM LOGO