Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAnthony Moris an Union Saint-Gilloise mat spéidem Punktverloscht

RTL Lëtzebuerg
Déi aner zwee Lëtzebuerger am Ausland goufen um Sonndeg net agesat.
© AFP

Am Spëtzematch an der éischter Liga an der Belsch louch d’Union Saint-Gilloise géint Anderlecht fréi mat 2:0 a Féierung. Anderlecht konnt allerdéngs nach virun der Paus verkierzen an an der Nospillzäit huet de Ball awer nach de Wee an de Gol vum Anthony Moris fonnt. De Bréisseler Derby geet domat 2:2 op en Enn, woumat d’Union mat 8 Punkte Virsprong Tabelleleader bleift.

An der zweeter däitscher Bundesliga gouf et am fréie Nomëtteg eng onglécklech Néierlag fir Magdeburg. Den Tabellendräizéngten huet mat 0:1 beim Virleschte Braunschweig de Kierzere gezunn, soudass béid Veräiner elo nëmmen nach 3 Punkten trennen. Den Eldin Dzogovic stoung bei Magdeburg net am Kader.

Den Yvandro Borges ass beim 2:2 vun Nijmegen bei de Go Ahead Eagles net zum Zuch komm a souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. Nijmegen verdeedegt domat Plaz 7 an der hollännescher Eredivisie a behält Chancen op eng europäesch Qualifikatioun fir déi nächst Saison.

Samschdeg
An zweeter däitscher Bundesliga verléiert Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte onglécklech 1:2 bei Hansa Rostock. D’Saarlänner waren duerch de Lukas Schnellbacher kuerz virun der Paus a Féierung gaangen, mee Rostock konnt fir d’éischt duerch den Dressel ausgläichen a krut an der Nospillzäit en Eelefmeter zougesprach, deen de Pröger verwandelt huet. No enger staarker Hironn muss Elversberg elo no ënne kucken; si hunn nach fënnef Punkten Avance op Rostock op Plaz 16.

Am Owesmatch huet sech St. Pauli mat 2:1 géint Düsseldorf behaapt an domat wichteg Punkten am Kampf ëm den Opstig gesammelt. De Club vum Danel Sinani, dee de ganze Match op der Bänk souz, ass weiderhin Éischten an huet elo eng provisoresch Avance vu véier Punkten op Kiel a fënnef Punkten op den HSV.

De Mathias Olesen verléiert säin éischte Match mat sengem neie Veräin Yverdon. An der Schwäizer Meeschterschaft huet d’Ekipp aus dem Jura 0:1 bei Servette Genf verluer. De Lëtzebuerger stoung direkt an der Startformatioun, gouf awer an der 67. Minutt ausgewiesselt. Zéng Minutte méi spéit ass den decisive Gol fir Genf gefall.

Sabah Baku feiert um 20. Spilldag eng wichteg Victoire an der armeenescher Liga. Géint den Tabellenzweeten Zira FK huet d’Ekipp vum Sebastien Thill 1:0 gewonnen. De Gol ass eréischt an der 9. Minutt vun der Nospillzäit gefall. Den Thill war do schonn net méi um Terrain, hie gouf an der Paus ausgewiesselt, nodeems hien an der 29. Minutt d’Giel Kaart gesinn hat.

An der zweeter franséischer Liga huet sech Ajaccio mat 1:0 géint Concarneau duerchgesat, woumat d’Ekipp vum Maxime Chanot weider vum Opstig an d’Ligue 1 dreeme kann. Ajaccio ass elo véier Punkte vun enger Playoff-Plaz ewech. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwer 90 Minutten um Terrain.

Net esou erfollegräich war de Florian Bohnert mat Bastia. D’Corsen hunn 1:3 zu Valenciennes verluer, engem direkte Konkurrent géint den Ofstig. No dräi Néierlagen aus de leschte fënnef Matcher fënnt sech Bastia kuerz virun den Ofstigsplazen erëm. De Bohnert stoung bei der Néierlag knapp 80 Minutten um Terrain.

Freideg

An der däitscher Bundesliga gouf et déi néngt Néierlag an dëser Saison fir Mainz. Fir den Optakt vum 19. Spilldag hu sech Leandro Barreiro a Co misse mat 0:1 zu Frankfurt geschloe ginn. Den decisive Gol huet de Götze an der 73. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Déi Mainzer bleiwen am Tabellekeller a kéinten de Weekend op déi lescht Plaz falen.

An der drëtter Liga an Däitschland huet Waldhof Mannheim mam Laurent Jans 4:1 beim Hallescher FC gewonnen. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten um Terrain. Mannheim steet trotz der wichteger Victoire géint een direkte Konkurrent an der Lutte géint den Ofstig weiderhin op enger Ofstigsplaz.

Donneschdeg

Schonn en Donneschdeg den Owend huet sech d’Union Saint-Gilloise fir d’Halleffinall an der belscher Coupe qualifizéiert. Mat 2:1 huet ee sech géint Anderlecht behaapt. Déi decisiv Goler hunn de Loic Lapoussin (26') an de Kevin Rodriguez per Eelefmeter (62') markéiert. Den Anders Dreyer hat an der Nospillzäit den 1:2 geschoss, ma d’Union Saint-Gilloise konnt de Virsprong iwwert d’Zäit retten. D’Lëtzebuerger Nummer 1 Anthony Moris stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoe bei der Union Saint-Gilloise, déi vun der 32. Minutt duerch eng rout Kaart vum Mac Allister an Ënnerzuel waren. An der Halleffinall kritt een et mam FC Bruges ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO