Union Saint-GilloiseAnthony Moris wiesselt vu Virton op Bréissel

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Futtball-National-Golkipp Anthony Moris spillt an Zukunft fir d’Union Saint-Gilloise an der Belsch.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Hien huet en Donneschdeg e Kontrakt iwwer 3 Joer beim Traditiounsveräin ënnerschriwwen, dee momentan an der 2. belscher Liga spillt. Nieft dem Moris verléisst och nach de Loïc Lapoussin Virton a Richtung Bréissel.

Den FLF-President Paul Phillip hat a senger Profi-Zäit 8 Joer beim Bréisseler Club gespillt.

Back to Top
CIM LOGO