Differenze mat Besëtzer Antonio Conte hält als Trainer vun Inter Mailand op

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend huet de Veräi matgedeelt, datt de Kontrakt mam Conte opgeléist gouf.
© AFP (Archiv)

Nom gewonnene Championstitel an der italienescher Serie A hält den Antonio Conte (51) als Trainer vun Inter Mailand op. Den 51 Joer alen Italiener hat nach e Kontrakt bis 2022 bei Inter. Hien ass allerdéngs net mat de Spuerpläng vun de chinesesche Besëtzer averstanen an huet dofir decidéiert, ze goen.

Italienesche Medien no wëllen d’Proprietäre vum Veräin am Summer ronn 100 Milliounen Euro aspueren an dofir och een oder zwee Spiller vun der Kategorie Romelu Lukaku oder Achraf Hakimi verkafen.

Dësen Neistart wëllt de Conte net matgoen. Als neien Trainer gëtt elo de Massimiliano Allegri gehandelt.

De Conte war 2019 Trainer vun Inter Mailand an huet zanterhier nëmme 7 Matcher an der Serie A verluer. Hien ass nom Christophe Galtier (Lille) an dem Hansi Flick (Bayern München) schonn den drëtten Trainer an enger vun den europäeschen Top-5-Ligen, dee seng Aarbecht no der Victoire vum Championstitel opgëtt.

Back to Top
CIM LOGO